ESCP Business School

European Business School
(Virugeleet vu(n) ESCP Europe)

D'ESCP Business School ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, London, Berlin, Madrid, Turin a Warschau. Si gouf 1819 gegrënnt an ass domat déi eelst Business School vun der Welt.[1],[2] 2012 gouf d'ESCP am Ranking vun der Financial Times ënner déi 10 bescht European Business Schools gewielt.[3] De Master am Management vun der ESCP war fir d'Financial Times 2010 dee weltwäit beschten[4], an 2013 dee weltwaït zweetbeschten.[5] Den Executive MBA vun der ESCP beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 21. Plaz.[6] Der Schoul hiren MEB (Master in European Business) ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'ESCP huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmen a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der ESCP sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[7]. Méi wéi 65.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Patrick Thomas (PDG Hermès), den Ignacio Garcia Alves (PDG Arthur D. Little), den Nicolas Petrovic (PDG Eurostar) an den EU Commissaire fir de Marché intérieur a Servicer Michel Barnier.

ESCP Business School
Typ Educatiounsinstitut
Land Frankräich
Schülerzuel 8.000
  2012; 1998; 1999; 2000; 2001; 2002; 2003; 2004; 2005; 2006; 2007; 2008; 2009; 2010; 2011; 2013; 2014; 2015; 2017; 2018; 2019; 2020; 2021
Gegrënnt 1. Dezember 1819
Grënner Jean-Baptiste Say
Um Spaweck https://escp.eu/

Geschicht änneren

D'ESCP gouf den 1. Dezember 1819 vun enger Grupp vu Wirtschaftsexperten a Geschäftsleit, dorënner den Ekonomist Jean-Baptiste Say an de Geschäftsmann Vital Roux, gegrënnt. Vu datt d'ESCP déi éischt Business School op der Welt war kënnen déi zwéi Männer als Erfinder vum business school-Modell ugesi ginn.[1],[8] Dee Modell huet sech un der bekannter École Polytechnique inspiréiert, war awer ufanks e bësse méi kleng gehal, vrun allem well e vum Staat net finanziell ënnerstëtzt gouf.

D'ESCP huet säit ëmmer an éiweg eng international Dimensioun: Schonn 1824 waren 30% vun den 118 Studenten Auslänner, mat ënner anerem Spuenier, Brasilianer, Hollänner, Däitscher, Portugisen an Amerikaner.[9] Friemsprooche sinn en essentielle Bestanddeel vum Curriculum, an dat zanter dem Grënnungsjoer, wou schonn deemools vereenzelt Coursen op Franséisch, Englesch, Däitsch a Spuenesch gehal gofen. D'Associatioun vun den Anciene vun der ESCP gouf 1873 gegrënnt. 1921 – mat e bësse Verspéidung wéinst der Kris nom Éischte Weltkrich - huet d'ESCP am groussen Auditoire vun der Sorbonne hiren honnerteste Gebuertsdag gefeiert.

D'Campusse vun der ESCP a Groussbritannien (Oxford, haut London) an an Däitschland (Düsseldorf, haut Berlin) hunn 1974 respektiv 1975 hir Dieren opgemaach. 1988 koum e Campus zu Madrid, a Spuenien, derbäi, an 2004 e weideren zu Turin, an Italien. De Campus Düsseldorf gouf 1984 op Berlin verluecht. 2005 dunn ass d'ESCP vun Oxford op London geplënnert.[10] D'Haaptgebai vum Londoner Campus huet virdrun New College geheescht a war fréier eng theologesch Héichschoul vun der United Reformed Church an en Deel vun der University of London.

2011 war d'ESCP ee vun de Grënnungsmembere vun heSam, e Pol vu renomméierten Institutioune fir Recherche an Héichschoulbildung an de Sciences humaines et sociales dee ronderëm d'Sorbonne ugesidelt ass.[11]

Master am Management änneren

De Master am Management ass e Programm fir Studenten ouni Aarbechtserfahrung déi iwwer eng streng Selektiounsprozedur ausgewielt ginn, an den domat d'franséisch Originne vun der haiteger zweehonnert Joer aler European Business School ervirhieft. Méi wéi 800 Studente mat iwwer 70 Nationalitéite sinn an dësem Programm fir allgemenge Management iwwer 2 Joer ageschriwwen. D'Studente kënnen zu Paräis, London, Berlin, Madrid oder Turin, oder op enger vun de méi wéi 100 Partnerinstitutioune vun der Schoul studéieren. Innerhalb vum Programm hunn d'Studenten de Choix tëscht méi wéi 20 Spezialisatiounen an iwwer 150 Fächer. Dat gëtt hinnen d'Méiglechkeet, de Programm mat bis zu dräi Diplomer ofzeschléissen.

MEB – Master in European Business änneren

Den MEB ass e weiderféierende Studium iwwer ee Joer (Vollzäit) am General Management, mat engem Programm am Stil vun engem MBA a mat enger interkultureller Approche. De Programm riicht sech u Studenten déi en éischten Diplom (undergraduate honours degree) an engem net-Business Beräich (z. B. Droit, Ingénierie, Wëssenschaft, Sciences humaines, Medezin) absolvéiert hunn. 2 bis 3 Joer Aarbechtserfahrung nom Unisstudium gi recommandéiert. De Programm huet eng staark international Dimensioun mat ongeféier 40 Nationalitéite verdeelt op fënnef Campussen, vun deene keng Nationalitéit méi wéi 15 % vun der ganzer Klass ausmécht.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Archive copy Archivéiert op 2013-09-21. Gekuckt de(n) 2014-02-07.
  2. Kaplan, Andreas M. (2014) European Management and European Business Schools: Insights from the History of Business Schools, European Management Journal - http://dx.doi.org/10.1016/j.emj.2014.03.006
  3. Archive copy Archivéiert op 2015-09-19. Gekuckt de(n) 2014-02-07.
  4. Archive copy Archivéiert op 2015-05-23. Gekuckt de(n) 2014-02-07.
  5. Archive copy Archivéiert op 2021-10-30. Gekuckt de(n) 2014-02-07.
  6. Archive copy Archivéiert op 2013-01-24. Gekuckt de(n) 2014-02-07.
  7. (en)Triple accredited business schools (AACSB, AMBA, EQUIS)
  8. Andreas Kaplan (2018) A school is “a building that has four walls…with tomorrow inside”: Toward the reinvention of the business school, Business Horizons - https://doi.org/10.1016/j.bushor.2018.03.010
  9. Servan Schreiber Sabine (1994) Les Epices de la République, ESCP – Itinéraire d'une Grande École, 1819–1994, CpL.
  10. http://www.escpeurope.eu/escp-europe/history-of-escp-europe-business-school
  11. Archive copy Archivéiert op 2013-11-05. Gekuckt de(n) 2014-02-07.