Den Duelebierg läit westlech vu Keel (Käl) tëscht dem Hérenterbierg am Süden an dem Kalebierg am Norden. No Weste grenzt den Duelebierg un d'Haard mam Naturpark. Den héchste Punkt vum Duelebierg läit bei 400 Meter (NG-L).

Duelebierg tëscht Kalebierg lénks an Herenterbierg riets.

Den Dall deen en hei op der Foto gesäit, heescht iwweregens Duelelach.