Den Dschingis Khan, eigentlech Temujin gebuer 1155, 1162 oder 1167 a gestuerwen den 18. August 1227) war den Herrscher vun alle Mongolestämm. Hien huet all d'mongolesch Stämm vereenegt an duerno mat senger Arméi een eenzegaartegen Imperium opgeriicht, dee vun der Mandschurei bis an Europa gaangen ass.

Dschingis Khan
Gebuertsnumm ᠲᠡᠮᠦᠵᠢᠨ, Тэмүжин
Gebuer 31. Mee 1162 jul.
Gestuerwen 18. August 1227 jul.
Nationalitéit Mongolescht Räich
Aktivitéit Feldhär, Chef, Monarch

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mongolescht Räich.

Gebuert a Jugend änneren

Den Temujin ass am spéide Mëttelalter an der Mongolei op d'Welt komm.

Deemools war d'Mongolei nach keng Natioun, mä den Numm vun enger Géigend wou eng ganz Rei vun Nomadestämm vun enger Weed op déi nächst gezu sinn. D'Mongole waren Nomaden, déi quasi autosuffisant waren an déi och net grad vill Respekt virun der sougenannter Zivilisatioun haten, also virun deene Vëlker, déi siesshaft gi sinn, a Stied gegrënnt haten.

Den Temujin war den eelste Bouf vum Yesugei a sollt eigentlech den nächste Stammeshäuptling ginn, mä et sollt anescht kommen. Wat genee Temujin soll heeschen ass net méi mat Sécherheet festzestellen, mä « de Mann aus Eisen » ass zum Beipill eng Méiglechkeet (allerdéngs ass dat tataresch, a mat deenen haten d'Mongolen net all ze vill um Hutt). Leider ass de Yesugei vun engem anere Stamm vergëft gi wéi den Temujin eréischt néng Joer hat, an domat ze jonk war fir den Nofollger vu sengem Papp ze ginn. Déi nächst Jore gesinn hien, seng Mamm (Hoelund) a seng fënnef Bridder a grousser Aarmut liewen.

Déi ganz Geschicht vum Temujin a wéi aus dem Ausgestoussenen e Khan ginn ass, gouf nach zu senge Liefzäiten an der Geheimer Geschicht vun de Mongolen niddergeschriwwen. Et kann ee sech virstelle wéi vill Wourecht a wéi vill Dichtung een dora fënnt.

Wat een allerdéngs doraus ka behalen, a wat och duerch aner zäitgenëssesch Wierker bestätegt gouf, sinn déi follgend Haaptgedanken oder Leitmotiver, déi den Temujin zum Khan gemaach hunn, an duerno den Erfolleg beim Opbau vu sengem Imperium zementéiert hunn:

  • Loyalitéit
  • Unerkennung duerch Doten, an net duerch Verierwung.

De Gebuertsdatum ka just geschat ginn, wéi et an enger Gesellschaft ouni Schrëft a Bürokratie nëmmen normal ass. Zum Beispill ass dat ee vun de Verdéngschter vum Dschingis Khan: hien huet nämlech agefouert, datt et eng mongolesch Schrëft sollt ginn, an hien huet och verstanen, datt eng gewësse Form vu Bürokratie néideg ass. Geneesouwéineg ass d'Gebuertsplaz vum Temujin bekannt, mä mat Sécherheet ass se net wäit ewech vum Floss Onon an der Mongolei.

Bis zu senger Ernennung zum Khan am Joer 1206 huet hie vill Héichten an Déiften duerchlieft, déi zu senger Charakterbildung bäigedroen hunn.

Ufankszäit als Khan änneren

Wéi den Temujin duerch diplomatescht Geschéck an duerch brutal Muechtdemonstratioune schlussendlech sou vill Stämm ënner senger Herrschaft versammelt hat, datt hien am Joer 1206 zu Augura (oder Avgura) zum Khan (Herrscher) iwwer all Mongole gewielt ginn ass, ass mat villen Detailer an der Geheimer Geschicht vun de Mongolen niddergeschriwwen.

Kuerzfaassung:

  • 1201: den Jamukha, Bluttsbrudder vum Temujin, gëtt iwwermannt nodeem hien den Temujin verroden hat
  • 12021204: all gréisser turkomongolesch Stämm ginn ënnerworf, an déi méi kleng Stämm schléisse sech ouni Kampf dem Temujin un.

Am Joer 1206 kritt den Temujin vun der Groussversammlung vun de Schamanen den Titel Dschingis Khan. Khan heescht souvill wéi Herrscher. Et gëtt vill Spekulatiounen doriwwer wat Dschingis soll heeschen, déi warscheinlechst Bedeitung ass éiwegen Himmel. D'Relioun vun de Mongolen huet als quasi Gott, den éiwegen Himmel unerkannt, de Wuertstamm vun Himmel op den éischte schrëftleche mongoleschen Opzeechnunge gläicht dem Wuert Dschingis.

Vum Mongolen-Herrscher zum Imperator änneren

Den Dschingis Khan huet ee vu senge Grondprinzipien vun Ufank un duerchgesat, an zwar huet keen e wichtege Posten a senger Regierung kritt, deen eebe just zoufälleg aus enger gudder Famill koum. Natierlech huet seng Famill gewësse Virrechter gehat, mä ouni bewisen ze hunn datt ee wierdeg war, krut keen eng responsabel Positioun.

Dat éischt Zil, wat dem Dschingis Khan an d'Ae gefall ass, war natierlech China. China war deemools kee vereenegt Räich, mä et gouf dräi Kinnekräicher, déi direkt un d'Mongolei gegrenzt hunn. Am äusserste Weste war dat Khara Kitai, am grousse Bou vum Giele Floss Xi Xia (Tangut) a vu Beijing (Peking) bis d'Mandschurei nach mat, Jin. Jin war dat mächtegst Räich, an dat räichst, mä schonn eleng déi vill gutt befestegt Stied hunn den Dschingis Khan zum Nodenke gezwongen. Wéi schonn den Sun-Tzu geschriwwen huet: den indirekte Wee ass heiansdo dee beschten. Genee dat huet den Dschingis Khan och 1209 gemaach, a fir d'éischt Xi Xia ugegraff a ganz séier besat. Gestäipt op der wirtschaftlecher Stäerkt vun dëser Regioun konnt den Dschingis Khan am Joer 1211 et woen, d'Räich vun de Jin z'attackéieren, 1215 Beijing (Peking), d'Haaptstad vu Jin, z'erueweren a bis Korea ze kommen. Vun 1219 un huet Korea de Mongolen Tribut bezuelt, ass also zum Vasall vum Dschingis Khan ginn.

1218 huet d'Enn vum Räich Kara Kitai gesinn. Tëscht 1219 an 1221 sinn déi mongolesch Arméien duerch ganz Persie gezunn. Vun 1223 u sinn déi éischt Schluechten an der Ukrain opgezeechent ginn, zum Beispill hunn d'Russen an der Schluecht beim Floss Kalka verluer.

 
Mongole-Räich

1224/25 ass de Khan an d'Mongolei zeréckgaangen. Hien ass an enger neier Campagne géint d'Tanguten den 18.August 1227 gestuerwen.

Wou den Dschingis Khan begruewe gouf, ass alt nees vum Schleier vun der Zäit verbuergen. Vill Hiweiser deiten dorophin, datt hie beim Bierg Burhan Qaldun an der Mongolei begruewe gouf, well dëse Bierg dacks eng wichteg Roll a sengem Liewe gespillt huet.

Wéi den Dschingis Khan gestuerwen ass, hat säi Räich eng Ausdeenung vun 19 Millioune km² (duebel sou grouss wéi d'Vereenegt Staate vun Amerika haut).

Mongolescht Imperium no dem Dschingis Khan änneren

Wéi sou dacks an der Geschicht vun Imperien huet dat mongolescht Welträich säi Grënner net laang iwwerlieft. D'Räich gouf opgedeelt op seng Jongen, déi dann hir Deeler vum Räich och nees op hir eege Jongen opgedeelt hunn. Allerdéngs hunn d'Ierwe vum Dschingis Khan nach relativ laang gutt zesummegeschafft an den Araber an och den Europäer nach laang Kappzerbrieches gemaach.

Ëm 1260 huet dat mongolescht Räich, dat zu deem Moment sougudd organiséiert war wéi keen anert, 33 Millioune km² ëmfaasst a war domat flächeméisseg dat gréisst Imperium dat jeemools existéiert huet. Déi gutt Organisatioun koum och dovun, datt den Dschingis Khan a senge leschte Joren ëmmer méi Beroder a Spezialisten agesat hat.

Perséinlechkeet änneren

Seng Grondprinzipien, Loyalitéit bis an den Doud a seng Astellung vis-à-vis vu verierfte Privileegien, hunn him vill Respekt abruecht. Duerch säi Charisma huet hien déi vill Stämm vun de Mongole vereenegt an duerch seng Wäitsiicht a seng fortschrëttlech Astellung zur Relioun de gréissten Deel vun Asien eruewert. Hie war ganz tolerant an huet fir all Glawensrichtung oder Staatsphilosophie een oppent Ouer gehat. Och wann d'Grënn dofir reng opportunistescher Natur waren.

Natierlech hunn déi Vëlker déi hien ennerjocht huet, hien als grausamen a brutalen Herrscher duergestallt. Den Dschingis Khan gëllt nach ëmmer als ee vun de gréisste Massemäerder an der Geschicht vun der Mënschheet.

Literatur zum Theema änneren

  • Man, John, Genghis Khan Life, Death and Resurrection, Bantam Press, 2004.
  • Cleaves, Francis, The Secret History of the Mongols, Harvard, 1982.
  • Leicht, Hans, Dschingis Khan, Patmos Verlag, Düsseldorf, 2002.
  • Neumann-Hoditz, Reinhold, Dschingis Khan, Rowohlt, Reinbek bei Hamburg, 1985

Um Spaweck änneren


Commons: Genghis Khan – Biller, Videoen oder Audiodateien