Eng[1] Drosëtz ass en Transportmëttel dat aus enger Kabinn mat Staange besteet an dat vu Leit gedroe gëtt.

Eng englesch Drosëtz (spéit 18. Joerhonnert) zu Eaton Hall

Am Géigesaz zu de Litièrë vun de Réimer oder aus dem Mëttelalter wou d'Persoun sech leeë konnt, erlaabt d'Drosëtz dem Passagéier am Sëtzen ze reesen a limitéiert d'Zuel vun den Dréier.

Et ass e maniabelt Transportmëttel dat vu sougenannte bessere Leit an Europa tëscht dem 16. an 18. Joerhonnert benotzt gouf.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wörterbuch, Lemma "Drosëtz", Archivéiert op 2022-01-26. Gekuckt de(n) 2014-03-16.