En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vum selwechte Rang an domat och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen,...) openee stoussen.

E Schëld vum Lieu-dit um Dräilännereck bei Léiler
Lëtzebuergesch-belsch-franséischen Dräilännereck bei Rodange.
Lëtzebuergesch-däitsch-franséischen Dräilännereck un/an der Musel bei Schengen.
Lëtzebuergesch-belsch-däitschen Dräilännereck op der Our.
Fréiere belsch-lëtzebuergesch-preiseschen Dräilännereck op der Schmëdd, ëm 1910.
Fréieren Dräilännereck op der Schmëdd, 2010. Lénks d'Gossemaark LB286 riets déi stenge Maark LB75

D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovun, wéi vill Miergrenzen do sinn.

Sou huet zum Beispill Éisträich 9 Dräilännerecken, Däitschland der 7, d'Schwäiz der 6 a Frankräich der 4. Lëtzebuerg huet der 3, Dänemark a Portugal dogéint keen eenzegen.

Lëtzebuerger Dräilännerecken haut (no 1919) änneren

Plaz Länner bei den Uertschaften Bemierkung
Dräilännereck bei Rodange   Belsch

  Frankräich
  Lëtzebuerg

  Éibeng (Aubange)

  Mäertesbierg (Mont-Saint-Martin)
  Rodange

Dräilännereck bei Léiler   Belsch

  Däitschland
  Lëtzebuerg

  Ouren

  Sevenig
  Léiler

D'Réibaach mécht d'Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg. Wéinst dem däitsch-lëtzebuergesche Kondominium gëtt et awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch läit en an der Mëtt vun der Our.
Dräilännereck bei Schengen   Frankräich

  Däitschland
  Lëtzebuerg

  Opech (Apach)

  Perl
  Schengen

Wéinst dem däitsch-lëtzebuergesche Kondominium gëtt et awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch läit en an der Mëtt vun der Musel tëscht der Spëtzt vun der lénkser Ausfaartsmauer vun der Opecher Schleis an dem lëtzebuergeschen Uwänner.

Lëtzebuerger Dräilännerecke fréier (virun 1919) änneren

Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, gëtt et sou, wéi mer se haut kennen, eréischt zanter 1919:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dräilännerecken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Dräilännerecke mat Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien