Douro
Den Douro [ˈdoɾu], op (Spuenesch Duero ['dweɾo]) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der ibeerescher Hallefinsel. En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal a leeft bei Porto an den Atlanteschen Ozean.
Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien-León. Op enger Längt vun 112 km mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vum Naturpark Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) leeft en an den Atlantik.
Nieweflëss änneren
Déi wichtegst riets Nieweflëss sinn a Spuenien den Esla, de Valderaduey an de Pisuerga, an a Portugal den Tâmega, deen aus Galicien kënntm den Tua an de Corgo. Vu lénks kommen den Águeda, de Yeltes an den Tormes.
Geschicht änneren
An der Antiquitéit huet den Douro Durius; Numantia war déi bedeitendst Stad u sengen Uwänner.
An der fréier Phas vun der Reconquista bis ongeféier zur Opléisung vum Kalifat vu Córdoba (1031) huet den Douro d'Grenzgebitt tëscht dem chrëschtlechen Norde vu Spuenien (Kinnekräich Asturien/Kinnekräich León) an al-Andalus am Süden gemaach. Bis haut sinn nach e puer mauresch Wuechttierm (atalaya genannt) erhalen.
Den Douro gëtt haut eng 15-mol gestaut, fir mam Waasser Stroumkraaftwierker ze bedreiwen.
Biller änneren
-
Spueneschen Deel vum Douro: d'Quell,
-
... bei Toro,
-
... bei Zamora.
-
Internationalen Deel: Naturpark Arribes del Duero bei Fermoselle,
-
... Stauséi vum Barrage vun Aldeiadávila bei Aldeadávila de la Ribera.
-
Portugiseschen Deel: bei Porto,
-
... Mëndung am Atlantik.
Um Spaweck änneren
Commons: Douro – Biller, Videoen oder Audiodateien |