Douglas Slocombe

brittesche Filmkameramann a Fotograf

Den Douglas Slocombe, gebuer den 10. Februar 1913 zu London an och do den 22. Februar 2016 gestuerwen, war en englesche Filmkameramann a Fotograf.

Douglas Slocombe
Gebuer 10. Februar 1913
Gestuerwen 22. Februar 2016
London
Doudesursaach Fall
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Kameramann, Cadreur
Member vun British Society of Cinematographers

Den Douglas Slocombe huet seng Jugend zu Paräis verbruecht, wou säi Papp Diplomat war an an engems Auslandskorrespondent vun Zeitunge wéi dem Daily Express oder The Evening Standard. Wann den Douglas un de Weekenden aus dem Internat heem koum, huet en d'Frënn vum Haus kennegeléiert, den James Joyce, den Sinclair Lewis an nach anerer. No der Sorbonne huet de Slocombe drop gelauert, fir beim Film eng Aarbecht ze fannen. Mä vun der franséischer Administratioun krut hie keng Erlabnes. Sou koum et datt hien zwee Joer zu London an der Noriichteredaktioun vum englesche Büro vun der United Press geschafft huet. En hat déi Zäit ëmmer seng Leica bei sech a sou konnt hie Paris-Match a Life munnech Fotoe verkafen.

1948 koum hie bei d'Londoner Ealing Studios als Chefkameramann. 17 Joer laang huet hien do geschafft. E puer vu senge Filmer aus där Zäit:

  • Kind Hearts and Coronets (1949)
  • The Man in the White Suit (1951)
  • The Lavender Hill Mob (1951)

Säin allerleschte Film war 1989 dem Steven Spielberg säin Indiana Jones and the Last Crusade.

Seng Filmer änneren

Gielercher änneren

Seng Oscar-Nominatiounen änneren

Um Spaweck änneren

  • Den Douglas Slocombe op der IMDb