Den Douglas MacArthur, gebuer de 26. Januar 1880 zu Little Rock (Arkansas) a gestuerwen de 5. Abrëll 1964 zu Washington, war een US-amerikanesche Generol.

Douglas MacArthur
Gebuer 26. Januar 1880
Little Rock
Gestuerwen 5. Abrëll 1964
Washington
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit USA
Educatioun Command and General Staff College,
United States Military Academy
Aktivitéit Offizéier, Arméisoffizéier
Partei Republikanesch Partei
De MacArthur ënnerschreift dat japanesch Kapitulatiounsdokument u Bord vum USS Missouri de 5. September 1945

1925 gouf de MacArthur als jéngste Generolmajouer vun der US-amerikanescher Arméi ernannt an hie gouf 1930 Chef vum État-major.

1935 bis 1941 war hien de Chef vun der amerikanescher Militärmissioun op de Philippinnen. Duerno gouf hien den ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen am Südwestpazifik.

No der japanescher Kapitulatioun 1945 hat de MacArthur als Haaptverantwortleche vun der US-Besatzungsmuecht groussen Afloss op d'Demokratiséierung an d'Rekonstruktioun vu Japan.

1950, beim Ausbroch vum Koreakrich huet de President Harry Truman hie mat der Féierung vun den UNO-Truppe chargéiert. No dem Agräife vu chineesesche Fräiwëllegen op nordkoreanescher Säit, wollt de MacArthur dunn d'Volleksrepublik China, déi deemools nach mat der Sowjetunioun alliéiert war, mat an de Konflikt eranzéien. Dat huet de President Truman awer kategoresch refuséiert an hien dowéinst schliisslech am Abrëll 1951 ofberuff.

Um Spaweck änneren

Commons: Douglas MacArthur – Biller, Videoen oder Audiodateien