Dorsum (Plural Dorsa, aus lat. Dorsum = Réck) ass e Begrëff vun der Astrogeologie fir d'Bezeechnung vun Uewerflächestrukture vu Planéiten, Mounden oder Asteroiden. E bezeechent héich réckaarteg Strukturen, ass awer keen eigentlechen astrogeologesche Begrëff, dat heescht, e seet näischt iwwer d'Genesis vun där sou bezeechenter Struktur aus. E bekannt Beispill ass de Schiaparelli Dorsum um Mars.[1]

Dorsa am Mare Serenitatis. Déi flaach, laanggestreckte rompeleg Récker an de Maria vum Mound ginn no hirem Virkommen och Mierréck genannt.

Benennungen änneren

Fir d'Benennung vun Dorsa gëtt et follgend Konventioune vun der IAU:[2]

  • Merkur: Verstuerwe Wëssenschaftler, déi zu der Merkurfuerschung bäigedroen hunn
  • Venus: Himmelsgëtter
  • Äerdmound: Geowëssenschaftler; kuckt Lëscht vu Bierger um Äerdmound
  • Mars: Keng eenheetlech Benennungsmethod
  • Asteroiden
    • (243) Ida: Mataarbechter vum Galileo Projet
    • (433) Eros: Wëssenschaftler, déi zu der Erfuerschung vum Eros bäigedroen hunn
    • (4) Vesta: Wëssenschaftler, déi zu der Erfuerschung vun der Vesta bäigedroen hunn

Referenzen änneren

  1. Ian Ridpath: A Dictionary of astronomy. Oxford University Press, Oxford 2007, ISBN 0-19-921493-X
  2. IAU: Categories for Naming Features on Planets and Satellites. In: Gazetteer of Planetary Nomenclature.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie