D'Dorota Wünsch, gebuer 1962 zu Lodz (Polen) ass eng däitschsproocheg Kënschtlerin an Illustratorin. Si huet vun 1981 bis 1983 op der Konschtakademie vu Lodz studéiert, koum 1984 iwwer e Gaaschtstipendium an Däitschland an huet bis 1992 op der Mainzer Universitéit Konscht studéiert.

Dorota Wünsch
Gebuer 1962
Łódź
Aktivitéit Kënschtler, Illustrateur

D'Dorota Wünsch ass Mamm vun dräi Kanner a lieft a schafft zu Saarbrécken. Si gouf 2014 - zesumme mam Jhemp Hoscheit - mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie vun de Kanner- a Jugendbicher ausgezeechent a krut och de Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury fir Den Eppes.[1]

Publikatiounen änneren

Auswiel vu Publikatiounen déi d'Dorota Wünsch illustréiert huet:[2]

  • Himbeermarmelade (Text: Friedrich Barth), 2003, Peter Hammer Verlag
  • Ein Apfel für den lieben Gott (Text:  Hermann Schulz), 2004, Peter Hammer Verlag
  • Die Weihnachtsmütze (Text: Sabine Lipan), 2005, Peter Hammer Verlag
  • Die Räuberschule (Text: Gudrun Pausewang), 2007, Ravensburger
  • Mariechen fraß nen Hasen auf… (Text: Bill Grossman), 2008, Peter Hammer Verlag
  • König sein, das wäre fein… (Text: Erwin Grosche), 2008, Ravensburger
  • Die Weihnachtsmütze: kleine Ausgabe (Text: Sabine Lipan), 2012, Peter Hammer Verlag
  • Den Eppes: eng Geschicht fir Kanner (Text: Jhemp Hoscheit), 2013, Éditions Guy Binsfeld
  • Hier ist Minna! (Text: Viola Rohner), 2016, Peter Hammer Verlag
  • Herr von Ribbeck auf Ribbeck im Havelland (Text: Theodor Fontane), 2016, Kindermann-Bieri Verlag

Referenzen an Notten änneren

  1. Neuerscheinung im Verlag Guy Binsfeld - Pressemitteilung November 2013 op editionsguybinsfeld.lu, gekuckt den 19. November 2016
  2. Autoren und Schriftsteller op saarland.de, dem Internetportal vun der Staatskanzlei Saarland, gekuckt den 19. November 2016