Als Donkelniwwel oder Donkelwollek ginn an der Astronomie grouss Wolleke vun interstellarer Matière bezeechent, déi d'Liicht vun den Objeten déi hannendru leien absorbéieren. Se sinn ze gesinn, wa se Hannergrondstären ofdonkelen oder ganz ausblenden, wéi zum Beispill de Kuelesak, oder wa se Deeler vun Emissiouns- oder Reflexiounsniwwele verdecken, wéi zum Beispill de Päerdskappniwwel.

Päerdskappsniwwel

D'Form vun Donkelniwwelen ass ganz onreegelméisseg, ouni kloer definéiert Grenzen, a mat heiansdo verwéckelter Gestalt. Déi gréisst Donkelwolleke si mat bloussem A als donkel Flecke géint den hellen Hannergrond vun der Mëllechstrooss ze gesinn. De Waasserstoff kënnt an onduerchsiichtegen Niwwelen a Form vu Molekülle vir. De gréissten Niwwel vun deem Typ, sougenannt Risemoleküllniwwelen (giant molecular clouds, GMC), hunn déi milliounefach Mass vun eiser Sonn. Si maachen e groussen Deel vun der Mass am interstellare Medium aus, si bis zu 150 Liichtjoer grouss, an hunn eng duerchschnëttlech Dicht vun 100 bis 300 Molekülle pro cm³ souwéi eng bannenzeg Temperatur vun nëmme 7 bis 15 K.

Moleküllniwwele bestinn haaptsächlech aus Gas a Stëbs, kënnen awer och eng grouss Zuel vu Stären aschléissen. D'Niwwelzentre sinn am visuelle Liicht net ze gesinn, kënnen awer duerch Mikrowellestralung vun hire Molekülle festgestallt ginn. Déi Aart vu Stralung gëtt net vum Stëbs absorbéiert a kann aus dem Niwwel austrieden. D'Niwwelmaterial weist Verdichtungsgebidder vu verschiddene Gréissten un, vu Stäremasse bis zu Liichtjoer groussen Objeten. D'Niwwelen hunn ee bannenzegt Magnéitfeld, dat géint hir Eegegravitatioun wierkt.

Et gëtt ugeholl, datt am Kär vun den Donkelniwwele mat enger héijer Dicht, de sougenannte Globulen, Stären entstinn.

GMCë spillen eng wichteg Roll an der Dynamik vun der Galaxie: Wann e Stär no laanscht en Niwwel zitt, suergt hir Unzéiungskraaft fir eng Perturbatioun vu sengem Orbit. No e puer Rendez-vouse vun där Aart huet e Stär vu mëttlerem Alter signifikant Vitesskomponenten a verschiddene Richtungen, amplaz vun engem bal kreesfërmegen Orbit vun engem nei entstanene Stär (jonk Stären hunn de selwechten Orbit wéi d'GMCen, an deene si entstane sinn). Dat verschaaft den Astronomen e weidert Instrument fir d'Altersbestëmmung vu Stären an hëlleft, déi observéiert Déckt vun der galaktescher Scheif z'erklären.

D'Natur vun den Donkelniwwele gouf vum Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. An deem no him genannte Barnard-Katalog sinn iwwer 300 Donkelniwwele verzeechent. Sou huet beispillsweis de bekannte Päerdskappniwwel d'Katalognummer B 33.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donkelniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien