D'Donau ass no der Wolga den zweetlängste Stroum an Europa. No Däitschland an Éisträich fléisst si nach duerch aacht weider europäesch Staaten a leeft am Donaudelta an d'Schwaarzt Mier.

Donau
Längt 2.850 km
Debit 5.433 m³/s
Fläch vum Baseng 801.463 km²
Originn
Originn Zesummefloss vun der
Breg an der Brigach
Plaz Donaueschingen
Héicht 678
Konfluenz
Leeft an Schwaarzt Mier
Koordinaten 45° 09’ 46.48’’ N
      29° 38’ 50.26’’ O

Etymologie änneren

Op Rumänesch heescht d'Donau Dunărea, op Kroatesch heescht si Dunav, op Bulgaresch a Serbesch heescht si Дунав/Dunav, op Ungaresch Duna, op Slowakesch Dunaj, op Englesch a Franséisch Danube an op Tierkesch Tuna. All dës Nimm stame vum Laténgeschen Danubius of, dem Numm vun engem réimesche Flossgott. D'Endung au kënnt aus dem germaneschen ouwe (Aue, Floss), den däitschen Numm gëllt zanter 1763. A méi fréien Texter gëtt d'Donau och „Tonach“ genannt, méi spéit och „Donaw“.

Donieft gouf et virun allem fir d'ënnescht Donau d'laténgesch Bezeechnung Hister, Ister vum griicheschen Ἴστρος (Ístros), dësen Numm gëtt beim Hesiod als Jong vum Okeanos an der Thetys bezeechent (Theogonie 339).

D'Donau aus geowëssenschaftlecher Siicht änneren

 
D'hydrografesch Situatioun op der ieweschter Donau

Hydrografie änneren

D'Donau ass deen eenzege groussen europäesche Floss, dee vu Westen no Oste fléisst, an erreecht no ongeféier 2857 km a Rumänien an der Ukrain den Donaudelta a leeft do an d'Schwaarzt Mier. Am Géigesaz zu deene meeschten anere Flëss ginn d'Kilometere vun der Mëndung bis zu der Quell eropgezielt, offiziellen Nullpunkt ass de Liichttuerm vu Sulina um Schwaarze Mier. D'Donau huet en Anzuchsberäich vun ongeféier 817.000 km².

D'Nieweflëss, déi am Verhältnes am stäerksten zu der Waasserquantitéit vun der Donau bäidroe, sinn:

Geologie änneren

 
Den dréchene Floss op der Donauversickerung

Och wann den ieweschte Laf vun der Donau haut verhältnesméisseg méi kleng ass, ass d'Donau geologesch méi al wéi de Rhäin, mat deem hiert Anzuchsgebitt am haitege Süddäitschland konkurréiert. Dëst féiert zu e puer besonneschen Aspekter.

De Rhäin ass deen eenzege Floss vun den Alpen, deen nërdlech a Richtung Nordséi fléisst. Dobäi hëlt hien déi Gewässer vun der europäescher Waasserscheed déi nërdlech offléissen op. Dëst deelt wéi eng onsiichtbar Linn Deeler vu Süddäitschland.

Nach virun der leschter Äiszäit huet de Rhäin eréischt op der südwestlecher Spëtzt vum Schwarzwald ugefaangen. D'Waasser vun den Alpen, wat haut an de Rhäin fléisst, gouf deemools vun der Urdonau no Oste gedroen, déi bis zu der Saale-Äiszäit weider nërdlech am Dall vun der haiteger Altmühl an dem Wellheimer Dréchendall laanscht d'Linn WellheimDollnsteinEichstättBeilngriesRiedenburg gefloss ass. D'Schluchten (haut ouni Waasser) an der haiteger Landschaft vun der Schwäbescher Alb sinn Deeler vum Bett vun dësem fréiere Floss, deen e gutt Stéck méi grouss war wéi déi haiteg Donau. Nodeem d'Uewerrhäinesch Sank ofgefriess war, huet e groussen Deel vum Alpewaasser seng Richtung geännert, a fiddert haut de Rhäin.

 
D'Joerhonnert-Héichwaasser vun der Donau 1954 zu Passau

Et fléisse bis haut Deeler vum Donauwaasser duerch de poréise Kallekstee vun der Schwäbescher Alb an de Rhäin, dee méi déif läit. Well dëse grousse Montant un ënnerierdeschem Waasser sech zugläich méi a méi an de Kallekstee frësst, gëtt ugeholl, datt d'iewescht Donau enges Daags komplett zu Gonschte vum Rhäin verschwanne wäert.

Bei Immendingen kënnt et am Flosslaf zu der Donauversickerung. Do versickert e groussen Deel vum Donauwaasser am Buedem a kënnt iwwer Hielen am Karststeen an den Aachtopf, deen iwwer 14 Kilometer wäit ewech läit, vu wou d'Waasser an de Bodensee an domat an de Rhäin kënnt. Bei wéineg Waasser kann et zäitweis och zu enger kompletter Versickerung kommen; d'Donau gëtt dann nëmmen nach vun de Flëss Krähenbach an Elta gefiddert. Wëll dat an de leschte Joerzéngte staark zougeholl huet, gëtt een Deel vum Donauwaasser duerch eng Galerie laanscht Versickerungsplaz geleet.

Bis kuerz hanner Wien huet de Stroum éischter de Charakter vun engem Biergfloss, eréischt duerno verännert e sech lues a lues zu engem Déiflandfloss. Facteure wéi d'Schmëlze vum Schnéi a staark Néierschléi am Alperaum begënschtegen d'Uschwelle vum Floss an och Héichwaasser. Well de Floss ëmmer méi reguléiert gëtt, an Auen zerstéiert ginn, huet dat am 20. Joerhonnert weider zougeholl. D'Héchststänn vum leschte Joerhonnert waren d'Héichwaasser vun 1954, 1988 an 2002.

Geographie änneren

 
De Flosssystem vun der Donau mat de Staaten

Zéng Länner hunn Zougang zu der Donau. Op enger Längt vun 1070,9 km (37 % vun der ganzer Längt) ass de Floss Staatsgrenz, woubäi 4 Länner (Kroatien, Bulgarien, Moldawien, Ukrain) nëmmen Zougang zu enger Flosssäit hunn.

Lag vun de Staate vun der Quell bis zur Mëndung
rietst Ufer Donau-
kilometer
lénkst Ufer
Land Undeel u km Undeel u km Land
Däitschland 658,6 2888,77 687,0 Däitschland
2230,20
Éisträich 357,5
2201,77
321,5 Éisträich
1880,26
172,1 Slowakei
1872,70
Slowakei 22,5
1850,20
Ungarn 417,2
1708,20
275,2 Ungarn
1433,00
Kroatien 137,5 358,0 Serbien
1295,50
Serbien 449,9
1075,00
940,9 Rumänien
845,65
Bulgarien 471,6
374,10
Rumänien 374,1
134,14
0,6 Moldawien
133,57
53,9 Ukrain
79,63
79,6 Rumänien
0,00
Undeel vun de Staaten
  no Stroum
kilometer
rietst Ufer béidsäiteg lénkst Ufer
Land km % km % km %
Däitschland 687,00 658,6 23 658,6 36 687,0 24
Éisträich 357,50 357,5 12 321,5 18 321,5 11
Slowakei 172,06 22,5 1 22,5 1 172,1 6
Ungarn 417,20 417,2 14 275,2 15 275,2 10
Kroatien 137,50 137,5 5 0,0 0 0,0 0
Serbien 587,35 449,9 16 220,5 12 358,0 12
Rumänien 1075,00 374,1 13 319,6 18 1020,5 35
Bulgarien 471,55 471,6 16 0,0 0 0,0 0
Moldawien 0,57 0,0 0 0,0 0 0,6 0
Ukrain 53,94 0,0 0 0,0 0 53,9 2

(Quell: Donaukommissioun, Budapest, Januar 2000-März 2004)

Geschicht änneren

 
Ruine vum réimeschen Drobeta o. d. Donau

Am siwente Joerhonnert viru Christus sinn d'Griichen, déi vum Schwaarze Mier iwwer Tomis, haut Constanţa, komm sinn, de Floss eropgesegelt. Hir Erkundungsrees huet bei der Eisener Dier, enger fielseger Kataraktestreck voller Ondéiften, opgehalen, well de geféierleche Verlaf de griichesche Schëffer eng Weiderrees iwwer d'Linn Südkarpaten a Serbesch Äerzbierger, op der haiteger Grenz vu Rumänien a Serbien, onméiglech gemaach huet.

Ënner de Réimer huet d'Donau bal vun der Quell bis zur Mëndung d'Grenz zu den heednesche Vëlker am Norde markéiert, a war och d'Route fir den Truppentransport, souwéi fir d'Versuergung vun de Siidlungen. Zanter 37 a bis zu der Regierungszäit vum Keeser Valentinian I. (364-375) war den Donaulimes mat geleegentlechen Ënnerbriechungen, wéi zum Beispill am Joer 259, d'nordëstlech Grenz vum Räich. D'Iwwerschreide vun der Donau an Dakien ass dem Imperium Romanum eréischt no zwou Schluechten 102 an 106 an nom Bau vun enger Bréck am Joer 101 bei der Garnisounsstad Drobeta gelongen. Dës Victoire iwwer d'Daker ënner Decebalus huet aus Dakien d'provënz Dacia gemaach, déi awer 271 nees verluere gouf.

Am 9. Joerhonnert war d'Donau e Wanderwee fir d'asiatescht Hiertevollek vun de Magyaren, déi donauopwäerts iwwer d'Tëschestatioun vum Chasareräich bis an dat haitegt Ungarn komm sinn, an do zesumme mat der slawescher Bevëlkerung an den 150 bis 200 Joer duerno ënner dem Stephan I. déi haiteg ungaresch Natioun gegrënnt hunn.

Och d'Route Charlemagne, déi schonn tëscht 1096 an 1099 beim Éischte Kräizzuch vun der Arméi vum Godefroy vu Bouillon benotzt gi war, huet sech vu Regensburg bis Belgrad laanscht d'Donau gezunn. Ronn 340 Joer méi spéit war d'Route fir d'tierkesch Arméi d'zentral Strooss fir den Transport vun den Truppen. De Floss huet hinnen erméiglecht, séier virun ze kommen, scho 1440 hu si 2000 Kilometer hanner der Mëndung déi éischt Schluechten ëm Belgrad geschloen. Eruewere konnte si d'Stad awer eréischt 1521. Schonn e puer Joer méi spéit, 1526, huet d'osmanesch Arméi an der éischter Schluecht vu Mohács d'ungarescht Kinnekräich zerstéiert. Well de Kinnek Lajos II. an der Schluecht gefall war, goung Ungarn un Éisträich. Dëse Moment gëllt als Keim vun der Donaumonarchie.

D'Donau war an dëser ganzer Zäit net nëmme militäresch a kommerziell Haaptschlagoder, mä och eng politesch, kulturell a reliéis Grenz tëscht Okzident an Orient.

Nom Zweete Weltkrich gouf 1946 eng nei Reegeleung fir de Flossverkéier an Ugrëff geholl, den d'Paräisser Ofkommes vun 1921 ofléise sollt. Zu der Belgrader Konferenz, déi 1948 ofgehale gouf, waren all Donaustaten ausser Däitschland an Éisträich zougelooss. Mat der Ënnerzeechnung vum fäerdegen Ofkommes gouf och en Unhang ënnerschriwwen, deen Éisträich an d'Donaukommissioun opgeholl huet. Däitschland konnt dem Ofkommes an der Donaukommissioun eréischt am Mäerz 1998 bäitrieden.

Kulturgeschicht änneren

Den zweetgréissten europäesche Floss huet an de Kulture vu senge Länner vill Spueren hannerlooss. Nieft sëllege Soen a Legenden hu sech och Schrëftsteller mat him ausenanergesat, vum Ovid, deen an der Tristia 3,10 de staarken Androck beséngt, deen d'zougefrueren Donau bei him hannerlooss huet, bis zu Claudio Magris a Péter Esterházy, déi sech um Enn vum 20. Joerhonnert mam Theema beschäftegt hunn. De berüümtste kulturellen Echo huet d'Donau an der Musek fonnt, mam (ursprénglech mat engem aneren Text komponéierten an uropgefouerten) Donauwalzer aus der Fieder vum Johann Strauss.

Laf vun der Donau änneren

 
Laf vun der Donau
 
Donauquell Donaueschingen

D'Donau entsteet 1,4 km ëstlech vun Donaueschingen duerch den Zesummefloss vun den zwee Quellflëss Brigach a Breg, an dohier kënnt och d'Spréchwuert "Brigach und Breg bringen die Donau zu Weg".
Kuckt heizou och den Artikel Donauquell.

Däitschland änneren

 
D'Donau zu Ulm (vum Ulmer Mënster aus gesinn)

An Däitschland fléisst d'Donau vun hirer Quell bis zu der däitsch-éisträichescher Grenz iwwer 687 Kilometer an ass domat den drëttlängste Floss vun Däitschland. Un hirem Ufer leien als gréisst Stied Tuttlingen, Sigmaringen, Ulm, Neu-Ulm, Ingolstadt, Regensburg, Straubing a Passau.

Vu riets lafen d'Iller, de Lech bei Marxheim (ëstlech vun Donauwörth) an d'Isar bei Deggendorf dran, souwéi zu Passau den Inn; op der lénkser Säit d'Wörnitz zu Donauwörth, hanner Kelheim d'Altmühl, bei Regensburg Naab a Regen. Och eng grouss Partie kleng Flëss lafen an d'Donau, sou zum Beispill d'Riss, d'Rot, d'Große Lauter, d'Blau,, d'Günz, d'Brenz, d'Mindel, d'Zusam, d'Schmutter, d'Paar, d'Abens, d'Grouss Laber, d'Vils souwéi Ilz, Erlau a Ranna.

Zu Passau fléist fir d'éischt d'Ilz vu lénks an d'Donau a kuerz duerno vu riets den Inn. D'Waasser vum Inn, dat aus den Alpe kënnt, ass gréng, dat vun der Donau blo, an dat aus dem Muergebitt vun der Ilz schwaarz, soudatt d'Donau iwwer e längert Stéck nom Zesummefloss dräi Waasserfaarwen huet.

Bedeitend Bauwierker laanscht d'däitsch Donau si besonnesch d'Äerzabtei Beuron, d'Fürsteschlass zu Hohenzollern-Sigmaringen, de gotesche Mënster zu Ulm (Ulmer Mënster), d'Abtei Weltenburg an d'Befreiungshal an der Géigend vu Kelheim, d'Bréck aus Steen an den Doum St. Peter zu Regensburg souwéi d'Walhalla bei Donaustauf eng 10 km ëstlech dovun. Tëscht der Abtei Weltenburg a Kelheim läit de landschaftlech reizvollen a geologesch interessanten Donauduerchbroch bei Weltenburg.

Éisträich änneren

 
Krems op der Donau
 
Donau an "Nei Donau" zu Wien
 
Äisstouss op der Donau, am Januar/Februar 2006

Kaum e Land gëtt sou enk mat der Donau a Verbindung bruecht wéi Éisträich, ob wéinst dem Donauwalzer oder dem Numm Donaumonarchie, deen d'Duebelmonarchie Éisträich-Ungarn op Grond vun ongeféier 1.300 km Donaukilometer krut.

Dat haitegt Éisträich huet mat ronn 350 km nëmme méi e klengen Undeel um Stroum, bei alle Länner läit et op 6. Plaz. Allerdéngs entwässert bal d'ganzt Staatsgebitt an d'Donau (an domat an d'Schwaarzt Mier). Nëmmen d'Gebitt vum Bundesland Vorarlberg entwässert gréisstendeels an de Rhäin (Nordséi) an e klengt Gebitt am Nordwesteck vun Nidderéisträich (Waldviertel) an d'Lainsitz (Moldau > Elbe > Nordséi). E puer Kilometer hanner Passau läit déi däitsch-éisträichesch Grenz a kuerz drop follegt d'Schlögener Schlinge, bei där de Floss säi Verlaf ëm 180 Grad ännert. No ongeféier 70 km hanner der Grenz kënnt Linz, déi drëttgréisst Stad vun Éisträich, zu béiden Ufere vun der Donau. Laanscht Mauthausen, Enns a Grein, wou d'Donau hir déifste Plaz an Éisträich opweises huet, erreecht de Stroum no ronn 90 Kilometer Melk mat sengem gewaltege Stëft a fléisst op de follgende knapps 35 Kilometer eng vun de schéinsten Donaulandschaften, d'Wachau, déi un Dürnstein laanscht bis Krems geet; duerno fléisst si duerch d'Tullnerfeld. No bei der Staatsgrenz zu der Slowakei fléisst d'Donau duerch d'Haaptstad Wien. De Floss huet d'Stad zu engem wichtegen Handelszentrum gemaach, bis haut ass d'Donau eng wichteg Handelsstrooss tëscht Ost a West.

Wichteg Zouflëss vun der Donau an Éisträich sinn den Inn (riets; op der Grenz zu Däitschland), d'Aist (lénks), d'Traun (riets), d'Enns (rierts) d'Ybbs (riets), d'Traisen (riets), de Kamp (lénks), d'Wien (riets), d'Schwechat (riets) an d'ehemoleg Grenz zu Ungarn (bis 1921), d'Leitha (riets).

Wien ass och de Sëtz vun der Internationaler Kommissioun zum Schutz vun der Donau (IKSD).

 
Donauufer zu Bratislava

Slowakei änneren

Nëmme knapps 45 Kilometer vu Wien ewech, direkt hanner der éisträichesch-slowakescher Grenz, leeft d'Donau - Dunaj - duerch d'slowakesch Haaptstad Bratislava, wou d'March zoufléisst. D'Donau bild fir d'éischt kuerz d'Grenz zu Éisträich a fléisst dann duerch d'slowakesch Haaptstad a bild d'Grenz zu Ungarn.

Wichteg slowakesch Uertschaften nieft Bratislava déi op der Donau leie si virun allem Komárno, en Zentrum vun der ungarescher Minoritéit an der Slowakei, wou d'Waag, de gréisste slowakesche Floss no der Donau an dës mënd a kuerz virun der Staatsgrenz déi lescht slowakesch Donauuertschaft Štúrovo, wou nach d'Hron an d'Donau fléisst.

Ungarn änneren

 
Donauknéi bei Visegrád

Laanscht d'Donau als ungaresch-slowakesche Grenzfloss läit am Dräilännereck mat Éisträich als éischt bedeitend Stad Győr un hirem ufer. Hei mënd d'Rába an d'Donau.

Net wäit ewech vun der Mëndung vum Ipoly passéiert d'Donau bei Szob liicht d'Staatsgrenz an ass elo op béide Säiten ungaresch. Kuerz drop stéisst si op d'Börzsöny-Bierger a gëtt vun dësen tëscht de Gerecse- a Pilisbierger am Süde gedrängt. De Laf vun der Donau wend sech hei an engem spektakuläre Landschaftsabschnitt um Donauknéi bei Visegrád ëm ronn 90°, a si fléisst, net wéi bis elo vu West no Ost iwwer ronn 500 Kilometer strikt no Süden.

No ongeféier 40 Kilometer duerchfléisst d'Donau déi mat 1,8 Milliounen Awunner gréisst Stad vun hirem Laf, d'Haaptstad vun Ungarn, Budapest. Da verléisst d'Donau d'ungaresch Mëttelbierger an trëtt an d'Grouss ungaresch Déifebene, wouvu si d'westlech Grenz selwer markéiert. Nodeem si duerch eng Partie kleng Stied wéi Dunaújváros, Baja, Paks a Kalocsa gefloss ass, verléisst si kuerz hanner Mohács d'ungarescht Staatsgebitt.

 
Batina (Kroatien)

Kroatien änneren

Mat 137 Kilometer Gesamtlängt huet Kroatien no Moldawien de kierzten Undeel op der Dunav, déi am Dräilännereck mat Ungarn a Serbie bei Batina ufänkt. De Floss bild déi natierlech Grenz tëscht Kroatien a Serbien. Déi bedeitendst kroatesch Stad op der Donau ass Vukovar, wat am Krich géint Serbie schwéier Schied dovugedroen huet, mä och Osijek läit no op der Donau, nëmmen 20 Kilometer vun der Mëndung vun der Drau an d'Donau.

Serbien änneren

Ufanks deelt sech Kroatie (rietst Ufer) mat Serbien (lénkst Ufer) d'Donau. Bei Bačka Palanka mécht d'Donau e Knick a fléisst dann a süd-ëstlecher Richtung duerch Serbien, ewech vun der kroatescher a Richtung rumänesch Grenz.

 
Festung Golubac (Serbien)

Nëmme 25 Kilometer nodeem d'Donau vun Ungarn hier d'Grenz an de Grenzrevisiounspunkt Bezdan vis-à-vis vu Batina hanner sech gelooss huet, läit déi bis zum Enn vum Zweete Weltkrich haaptsächlech vun Donauschwabe bewunnten Hafestad Apatin, déi éischt gréisser serbesch Stad op der Donau.

Weider de Stroum erof fléisst d'Donau duerch Novi Sad, wou d'Brécken 1999 am Laf vum Kosovo-Krich staark futti gemaach goufen. Iwwer sechs Joer gouf de Verkéier tëscht den zwou Hallscheschte vun der Stad iwwer eng Pontonbréck ofgewéckelt.

No nacheemol 75 Kilometer kënnt d'Donau zu Belgrad un, déi mat knapps 1,6 Milliounen Awunner déi drëttgréisst Stad op der Donau ass, a mat enger Geschicht vu 7.000 Joer och eng vun den eelsten Donaustied.

Op hirem weidere Wee duerch Serbie fléisst d'Donau laanscht d'Industriestied Pančevo mat den Zouflëss Temesch a Smederevo, wou d'Morava an d'Donau fléisst, éier si laanscht d'Ruin vun der serbescher Festung Golubac an d'Donauschlucht mat der Eiserner Dier fléisst. D'Donau fléisst als Grenzfloss tëscht Serbien a Rumänie bis zu den zwee Staudämm Djerdap 1 an 2. Op serbescher Säit ass den Nationalpark Đerdap.

 
Eisen Dier

Rumänien änneren

Op ronn engem Drëttel vun hirer Gesamtlängt, op ongeféier 1.075 Kilometer, ass d'Dunărea, wéi d'Donau a Rumänien heescht, rumänesch. Domat huet Rumänien dee bei wäitem gréissten Undeel um Stroum. D'Donau ass fir d'Land e Grenzfloss mat Serbien a Bulgarien, an der Géigend tëscht Baragan an Dobrudscha mécht si dann e Knick no Norden, fir méi spéit als Grenz zu der Ukrain an d'Schwaarzt Mier ze fléissen.

Nach virun de spektakulärer Eisener Dir, virun der Entschäerfung um Ufank vun de 70er Joren de geféierlechsten Deel vun der ganzer Streck, fänkt hire Verlaf südwestlech vun de Banater Bierger un, do leeft bei Izlaz den Olt an d'Donau. Nodeem d'Donau Orşova erreecht huet, stéisst si duerch de berüümten Donauduerchbroch a kënnt op Drobeta Turnu Severin. Elo mécht de Floss e Knécks no Süden, a leeft laanscht Gruia, Pristol, Cetate a Calafat. Da fänkt d'Donau hir 400 Kilometer laang Rees a Richtung Osten als Grenz zu Bulgarien un. Dobäi fléisst si laanscht d'Stied Dabuleni, Corabia, Turnu Magurele, Zimnicea, Giurgiu (direkt vis-à-vis op bulgarescher Säit läit d'Stad Russe), Oltenita, wou den Argeş an d'Donau fléisst, a Călăraşi. Lo begrenzt si d'Dobrudscha-Erhiewung no Westen hin, laanscht Cernavodă, Topalu, Hirsova, Giurgeni a Gropeni, bis si déi béid gréisser Stied Brăila a Galaţi erreecht. Kuerz duerno mécht se nees d'Grenz mat der Ukrain, fir a Richtung Oste geschwënn den Donaudelta z'erreechen.

 
Donauhafen Orjachowo

Bulgarien änneren

Fir Bulgarie bild de Floss d'Grenz tëscht Rumänien, nëmmen dat rietst Ufer ass also en Deel vu Bulgarien. Laanscht déi bal 500 Kilometer laang Streck existéiert nëmmen eng eenzeg Bréck; si verbënnt zanter 1954 déi gréisst bulgaresch Donaustad Russe mat dem rumänesche Giurgiu. Fir Bulgarien huet de Floss trotz senger Längt eng manner wichteg Bedeitung wéi fir aner Länner. Well et deen eenzege Floss vum Land ass, wou Schëffer kënnen drop fueren, an dësen awer am manner bewunnten nërdlechen Deel vum Land läit, huet de Floss verkéierstechnesch nëmmen eng regional Bedeitung fir d'Land. Nëmme fir déi kleng Handelsflott huet de Floss eng Wichtegkeet. Vun den 12 Donauhäfe si Swischtow, Russe, Widin, Nikopol, Lom a Silistra déi wichtegst; als Grenzrevisiounspunkt am Nordwesten ass och nach Orjachowo vu Bedeitung. An der Stad Swischtow erreecht d'Donau och hire südlechste Punkt, vun hei un fléisst si lues a lues Richtung Norden a verléisst hanner Silistra de bulgareschen Territoire.

Moldawien änneren

Den Undeel vu Moldawien op der Donau ass dee klengste vun alle Staaten. Nëmmen op enger Längt vun 340 Meter stéisst de südleche Wutz vum Land tëscht Rumänien an der Ukrain ursprénglech kuerz hanner Galaţi bei Giurgiulesti um Zoufloss vum Pruth an d'Donau. 1999 huet d'Ukrain Moldawien an engem Gebiddertosch weider 230 Meter iwwerlooss, soudatt déi haiteg Totallängt vum moldaweschen Ufer 570 Meter ass. Moldawien huet wëlles, den Zougank zu der Donau fir de Bau vun engem Hafen ze benotzen.

 
Donau bei Wilkowe, Ukrain

Ukrain änneren

Kuerz hanner dem Zoufloss vum Pruth gëtt dat lénkst Donauufer ukrainesch an de Floss bild d'Grenz tëscht Rumänien an der Ukrain. Déi bedeitendst ukrainesch Stied op der Donau sinn Ismajil, Kilija a Wylkowe, wou de Bystre-Kanal ufänkt. Hanner dem ukraineschen Deel vun der Donau gëtt si nees rumänesch a fléisst kuerz drop an d'Schwaarzt Mier.

Liewensraum Donau änneren

Kuckt dozou den Haaptartikel Liewensraum Donau.

Wirtschaftsraum Donau änneren

Kuckt dozou den Haaptartikel Wirtschaftsraum Donau

Literatur zum Theema änneren

  • Dieter Maier, Die Donau. Utting 2001, ISBN 3-89555-012-4
  • Michael Weithmann, Die Donau. Ein europäischer Fluss und seine dreitausendjährige Geschichte. Wien 2000, ISBN 3-222-12819-7
  • Manfred Fiala, Die Donau. 2004, ISBN 3-900323-79-8
  • Günter Schödl (Hrsg.), Deutsche Geschichte im Osten Europas. Land an der Donau. 1995, ISBN 3-88680-210-8
  • Herbert Lugschitz, Winfried Steininger, Am Strom entlang. Fahrradführer Donau. Wien bis Budapest. 1999, ISBN 3-89595-028-9

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donau – Biller, Videoen oder Audiodateien