Donald Tusk

polnesche Politiker

Den Donald Franciszek Tusk ['dɔnalt fran't͡ɕiʃɛk tʊsk], gebuer den 22. Abrëll 1957 zu Gdańsk, ass e polnesche Politiker. Hien ass zanter dem 11. Dezember 2023 Premierminster vu Polen.

Donald Tusk
Gebuertsnumm Donald Franciszek Tusk
Gebuer 22. Abrëll 1957
Gdańsk
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Historiker, Regierungschef
Partei Biergerplattform, Europäesch Vollekspartei

Karriär änneren

Den Donald Tusk huet 2002 déi liberal-konservativ Platforma Obywatelska (kuerz PO, lb. Biergerplattform) matgegrënnt a war bis 2014 hire President.

Hie war vun 2007 bis 2014 Ministerpresident vun der Republik Polen. Den 30. August 2014 gouf hie vun de Staats- a Regierungscheffe vun der EU als Nofollger vum Herman Van Rompuy zum President vum Europäesche Conseil ernannt.[1] Hie war vum 1. Dezember 2014 bis Enn November 2019 President vum Europäesche Conseil.

Bei de Parlamentswalen am September 2023 huet eng Allianz aus Oppositiounsparteien zu der PiS-gefouerter Regierung ënner senger Spëtzekandidatur d'Wale gewonnen. Seng Regierung gouf am Dezember 2023 vereedegt.

Wierker änneren

Hien ass ach Co-Editeur vun enger Serie Fotobicher Był sobie Gdańsk (Et war emol Gdańsk, ISBN 83-912807-9-9)

Um Spaweck änneren

Commons: Donald Tusk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. [1] Die Welt 30.August 2014