Dominica

Insel vun de Klengen Antillen an der ëstlecher Karibik
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Insel vun de Klengen Antillen. Fir den Inselstaat vun de Groussen Antillen, kuckt wgl. Dominikanesch Republik.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dominica, net ze verwiessele mat der Dominikanescher Republik, ass eng Insel vun de Klengen Antillen an der ëstlecher Karibik a läit tëscht de franséischen Iwwerséidepartementer Guadeloupe am Norden a Martinique am Süden. D'Insel ass 46,4 km laang a 25,6 km breet. D'Inselrepublik ass en eegestännege Member vum Commonwealth.

Dominica
Commonwealth Dominica
Geographie
Kontinent Nord- a Mëttelamerika
Land Dominica
Gehéiert zu Kleng Antillen, Inselen iwwer dem Wand, Karibik
Koordinaten 15°25'0,01"N, 61°19'59,99"W
Fläch 751,096551 km²
Héchste Punkt (1.447 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner 74.656
Awunnerdatum 2023
Liewenserwaardung 76,59756 Joer
Aner Informatiounen
Genannt no Sonndeg
Zäitzon UTC−4, Atlantic Standard Time Zone
Nationalhymn Isle of Beauty, Isle of Splendour
Internet TLD .dm
Internat. Telefonsprefix +1767

An der Sprooch vun de karibeschen Urawunner gouf Dominica wéinst sengem hiwwelegen Inselprofil Ouaitocoubouli respektiv an enger moderner Transkriptioun Wai'tukubuli („Hire Kierper ass héich") genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Dominica – Biller, Videoen oder Audiodateien