Djerba

tuneesesch Insel am Golf vu Gabès

Djerba (arabesch: جربة -"Jirba") ass eng flaach Insel un der Ostküst vun Tunesien am Golf vu Gabès. Si ass 514 km² grouss an domat déi gréisst Insel vun Nordafrika. Haaptuertschaft ass Houmt Souk. Se huet ronn 120.000 Awunner, wouvun déi meescht Berber sinn, zanter laangem gëtt et do och eng jiddesch Communautéit. Zarzis gëtt heiansdo zu Djerba gezielt, et läit awer südlech dovun um Festland. E réimeschen Däich verbënnt Djerba mam Festland.

Djerba
Geographie
Land Tunesien
Läit an/am Golf vu Gabès, Libescht Mier, Mëttelmier
Koordinaten 33°47'1,3"N, 10°52'59,9"O
Fläch 514 km²
Küstelängt 150 km
Längt 27 km
Breet 26 km
Verwaltung
Demographie
Awunner 175.820
Awunnerdatum 21. September 2018
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1

Tourismus änneren

Djerba ass zanter e puer Joerzéngten eng populär Vakanzendestinatioun bei den Europäer. Laanscht d'Ostküst, wou et eng laang Sandplage gëtt, sinn eng ganz Rëtsch Hoteller entstanen.

Den internationale Fluchhafe vun Djerba läit 8 km westlech vun Houmt Souk.

Geschicht änneren

An der Antiquitéit war Djerba ënner sengem griicheschen Numm Meninx (Μῆνιγξ) bekannt, dem Ptolemäus no „Insel vun de Lotoséisser“. Vun der Spéitantik un ass den Numm Girba beluecht. Den Titularbistum Girba geet op e spéitanticke Bistum vun der réimesch-kathoulescher Kierch zeréck. Vun 1134 bis 1165 hunn d'Normannen Djerba besat. 1154 hu si en Opstand vun der Populatioun bluddeg niddergeschloen. Vu 1524 bis 1551 war Djerba den Haaptstëtzpunkt vun tierkesch-nordafrikanesche Corsairen ënner dem Turgut Reis.

Vum 9. bis de 14. Mee 1560 huet bei der Séischluecht vun Djerba d'Flott vum osmanesche Groussadmirol Piale Pascha an dem Turgut Reis déi vun enger Koalitioun vu chrëschtleche Mëttelmiermiecht ënner der Féierung vu Spuenie geklappt.

Den 11. Abrëll 2002 koume bei enger Selbstmord-Sprengstoffattack bei der Al-Ghriba-Synagog, enger vun den eelsten a bekanntste Synagogen op der Welt, 21 Leit ëm d'Liewen an anerer blesséiert.

 

Um Spaweck änneren

Commons: Djerba – Biller, Videoen oder Audiodateien