Dissoziativ Perséinlechkeetsstéierung

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Déi dissoziativ Perséinlechkeetsstéierung, fréier gouf dat multipel Perséinlechkeetstéierung genannt, ass eng dissoziativ Stéierung, bei där Erfaassen, Erënnnerungsverméigen an d'Erliewe vun der Identitéit betraff sinn.

Si gëtt als déi schwéierst Form vun der Dissoziatioun ugesinn. D'Patiente bilde villerlee Perséinlechkeeten, déi sech staark vuneneen ënnerscheede kënnen, an ofwiesselnd d'Kontroll iwwer hiert Verhalen iwwerhuele kënnen.

Bibliographie änneren

  • DSM-III-R (Diagnostic and Statistical Manual of Mental Disorders), 1987, American Psychiatric Association. Kapitel Dissociative Disorders (or Hysterical Neuroses, Dissociative Type) Säit 269 ff.
  • DSM-IV, 1994, American Psychiatric Association, Kapitel 300.14 Dissociative Identity Disorder (formerly: Multiple Personality Disorder) Säit 484-487.
  • Oxford Textbook of Psychiatry, 1989, Oxford University Press, 1983, 2. Oplo 1989. S.207/8