Diskussioun:Wäibau

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Bdx

De Wäibau gëtt, ausser an Europa, just op ganz klengen agegrenzte Gebidder bedriwwen. --> Falsch; kuck Chile, Kalifornien (véiertgréisste Produzent op der Welt), Australien (#5), Argentinien (#6), Südafrika (#10)... --Bdx 16:57, 29. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Moie, gutt gesinn, Bdx, et schéngt, deem, deen den Artikel ugeluecht huet, seng Fachliteratur war e bësse vereelzt. Häss Du d'Méiglechkeet, eng méi aktuell Aleedung (aus enger anerer Wiki) heihin ze plënneren?--Zinneke 17:06, 29. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
Moien, ech hun den Artikel elo mol e bësschen geännert, an d'FAO Statistik mat agebonnen. Ech hunn do souguer nach Saachen geléiert: Brasilien, den 13. gréisste Wäiproduzent?!! --Bdx (Diskussioun) 16:30, 3. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren
Tipptopp, merci! Kuck just w.egl. de Ranking eng Kéier no: do passe Fändelen a Lännernimm net ëmmer beieneen (Rumänien huet e Fändel, steet awer net do)--Zinneke (Diskussioun) 18:31, 3. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren
Ah jo, merci (ech haat mech fier déi Tabelle bei engem aaneren Artikel inspiréiert :) --Bdx (Diskussioun) 16:21, 4. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Wäibau".