Diskussioun:Spautdrüs
Letzter Kommentar: viru(n) 5 Méint von Bdx in Abschnitt Spautdrüs / Speicheldrüs
Spautdrüs / Speicheldrüs änneren
Ech hu keng Quell fonnt, fir wat "richteg" ass, ausser déi zwou hei:
- https://www.rtl.lu/news/national/a/974216.html
- Eng Medecin legiste huet erkläert, datt esou wuel d’Loftréier, d’Speicheldrüs, d’Zongemuskulatur an na weider Gewebe duerchgeschnidde gewiescht wär.
- https://www.eldo.lu/radio/mister-science/a/80049.html
- Mee trotzdeem fänkt bei ville Mënschen d’Speicheldrüs scho mol un, ze schaffen.
Mee hei op Wikipedia steet et puer Mol "Spautdrüs". A well déi Drüsen hei jo tasächlech Spaut produzéieren, am Géigesaz zur Bauchspeicheldrüs, hunn ech mech fir dee Lemma entscheet. Den Artikel kann awer gären och op "Speicheldrüs" geréckelt ginn, wann ee mengt, datt dat besser ass. --Bdx (Diskussioun) 20:50, 17. Dez. 2023 (UTC)