Diskussioun:Rue Albert-Unden

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Les Meloures in Abschnitt Eckfassaden

Am Joer 1889 sinn d'Dominikanerinnen aus hirem ale Klouschter um Pabeierbierg an en neit Gebai an der Avenue Pasteur geplënnert.

Am Artikel deen als Referenz zitéiert gëtt steet d'Klouschter hätt an der Avenue Pasteur gestanen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:32, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Am Artikel deen zitéiert gouf, steet wuertwiertlech dat heiten: "Zu erwähnen bleibt das „neue" Dominikanerinnenkloster in der Pasteuravenue, das 1889 von den Schwestern des „alten" Klosters am „Pabeierbierg" bezogen wurde."

Ech stinn elo vläicht op der Leitung, mee ech verstinn net wat der wëllt soen. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:40, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Dann huet den Auteur vum Artikel zwou verschidde Meenungen well ganz uewe schreift en d'Klouschter hätt an der Avenue Pasteur gestanen, op engem Terrain deen zu engem Haff do gehéiert hat.
Am Ende der Avenue Pasteur befanden sich der „Treinenshaff" (heute Residence Pershing) und der „Staudtshaff", auf dessen Grundstück 1888 das „Barthelsklouschter" oder auch noch „aalt Dominikanerinneklouschter" genannt.   ... etc  --Les Meloures (Diskussioun) 18:51, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren
PS:Mat e bësse sichen: Dat aalt Klouschter stoung an der Rue de l'Avenir. Deemno zweemol Iertum bei deem Auteur. Et gouf 2010-2011 ewechgerappt noddeems d'Klasséieren als Monumenteschutz durchgefall war. Op der Plaz wou et stoung ass haut eng Wiss. --Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Merci ausdrécklech fir déi kritesch Réckmeldungen iwwer den Emplacement vum Klouschter. Ech hunn no beschtem Wëssen en Auteur zitéiert, deen dann op deem Punkt dann eben net fiabel ass. De Saz ass am Artikel elo ganz eraus. Ech géif just festhalen datt den Artikel iwwer de Lampertsbierg iwwerhapt keng Informatioun zou de Kléischter enthält an et sënnvoll wier dat ze ergänzen. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 09:06, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Wann der op der Kaart kuckt, gesitt der u sech datt d'Rue de l'Avenir nieft dem "Pabeierbierg" verleeft: dat Klouschter wäert deemno wuel dertëscht gestanen huet. De Kunnerte Jemp, deen ech iwwregens kannt hunn, wäert, als Historiker deen um Lampertsbierg Schoul gehalen huet, schonn gewosst hunn wat en do geschriwwen huet.--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:00, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Längt an Héichtenënnerscheed vum Pabeierbierg änneren

1. Bei enger Miessung um Geoportail kommen ech op iwwer 800 Meter Längt (bis bei de Boulevard Dr Ernest Feltgen) oder och nach 770 Meter (bis bei rue de Gibraltar). Meng Fro un de Benotzer "Les Meloures": wou kommen déi 760 Meter hir, op déi hien besteet?

Moien, mol just fir eppes kloer ze stellen: E besteet net op 760 m mä en huet déi och um Geoportal gemooss, fir genee ze sinn vun der Spëtz vun der Insel an der Millebaach bis op d'Verlängerung vum Trottoir mat der rue de Gibraltar (756.4 m) an dunn de Rescht bäiginn wéinst der Kräizung. D'Längt bis bei de Boulevard Dr Ernest Feltgen kënnt iwwerhaapt net a Fro, well d'Avenue du Bois geet bis bei d'rue de Gibraltar.
Wann am Ufank 770 do gestanen hätt amplaz am Ufank 900 m an 1 km wier ech iwwerhaapt näischt ännere gaangen well dat am akzeptable Beräich ass. --Les Meloures (Diskussioun) 19:29, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren
Laut https://maps.vdl.lu/ an och laut der Stroossebeschëlderung (Eckfassaden, ech hunn gechter nach op der Plaz nogekuckt) hält de Pabeierbierg net bei der rue de Gibraltar op. Um Geoportail gemooss, vun der Kräizung mat der Rue de Mühlenbach un bis bei d'Kräizung mat de Boulevarden John J. Pershing an Dr Ernest Feltgen: 813 Meter. Allgemeng Bemierkung: ech sinn frou ze gesinn datt eng kritesch Relecture hei stattfënnt, den Artikel ass elo scho besser wéi ech en eleng hikritt hätt. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 09:06, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Gudden Owend. Wat d'Längt ugeet, do misst am Fong och nach den Aarm vu ronn 80 m derbäi kommen, dee vun der Haaptstrooss laanscht d'Haiser 187-195 fortgeet. Dee Wupp ass op jidder Fall op der Kaart vun der Stater Gemeng als Deel vun der Rue Albert-Unden agezeechent. GilPe (Diskussioun) 19:52, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren
Dat matt dem Säitenaarm (85m) vun der Rue Albert Unden ass eng pertinent Informatioun, déi mat engem Saz am Artikel ergänzt gouf. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 09:06, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Dat ass zwar eng gutt urbanistesch Informatioun, huet awer am Fong näischt mat duerchgängecher Längt vun der Stroos zu dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:57, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

2. D'Rue de Mühlenbach ass laut Carte topographique (Geoportail.lu) op 258,4 Meter Héicht an d'Rue de Gibraltar op ongeféier 332 Meter. Wou kommen déi 102 Meter Héichtenënnerscheed (amplaz ronn 74m) hir?

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:29, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Dat ass mäi Feeler, ech hat eppes op der Kaart verréckelt a schlecht ofgelies. Gouf verbessert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:44, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Eckfassaden änneren

Souwäit wéi ech wees ass Schëld vun der Unden-Strooss um Bistrot um Eck mat Rue de Gibraltar, et misst héchsten ganz kuerzfristeg do ewechgeholl gi sinn, an déi aner Säit fir an de verbuedene Wee eran stoung ëmmer e Poteau mam Schëld drop.

Dat wier och historesch nozevollzéien, well op der Kräizung mat der Rue de Gibraltar fréier d'Gemengegrenz war, an do d'Strooss an aneren Numm krut. --Les Meloures (Diskussioun) 10:12, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Fichier:RueAlbertUndenLimpertsberg.jpg
Limpertsberg dans la Ville de Luxembourg: carrefour de la Rue Albert Unden, du Boulevard John J. Pershing, du Boulevard Dr Ernest Feltgen et de l'Avenue du Bois

Dat wat ech uewe geschriwwen hunn gëtt och nach gestäipt vum Artikel iwwer d'Avenue du Bois: d'Schëld vun der Avenue du Bois hänkt op där Kräizung mat de Boulevarden a net op där mat der Rue de Gibraltar, ech war gëschter selwer do an hunn et gesinn. D'Längt vum Pabeierbierg um CR215 wier deemno 813 an net 760 Meter. Wann een d'Längt vun den zwee Säitenäerm (net um CR215) matrechent, huet d'Rue Albert Unden effektiv eng Gesamtlängt vun ca. 972m, woubäi mer dann erëm bei "ronn engem Kilometer" wieren. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 11:43, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren


Op deem Stéck tëscht der rue de Gibraltar an der Kräizung mat de Boulevarden huet een Haus eng Nummer 98. Am Adressewierk vun der Stad Lëtzebuerg steet dat Haus an der Avenue du Bois. An der Rue Albert Unden gëtt et keng Nummer 98. Dat ass eng Tatsaach déi net anescht interpretéiert ka ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:52, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Dat Haus mat der Nummer 98 (och 100 am selwechte Fall), vun deem dir schreift, steet net op deem Eck vun der Kräizung mat de Boulevarden um Enn vun der Avenue du Bois, wou et ze erwaarde wier. Wann een d'Online-Kaart vun der Stad Lëtzebuerg genee kuckt, gesäit een datt op därselwechter Stroossesäit, mee déi aner Säit vun der Kräizung, dat läscht Haus an der Avenue du Bois d'Nummer 96 dréit. Dëst alles ännert näischt drun datt d'Schëld vun der Avenue du Bois och op där Kräizung hänkt (https://www.google.com/maps/@49.6246085,6.1223143,3a,85.6y,286.46h,80.97t/data=!3m6!1e1!3m4!1szK9RvN8tvR8mFFBOo0vJNA!2e0!7i13312!8i6656), a net op där mat der Rue de Gibraltar. Bei all Haus ass e Choix ze maachen zu wéi enger Strooss et gezielt gëtt. Ech kann och näischt fir déi hei effektiv bosseg Situatioun mat de Nummeren 98 an 100, an um Artikel iwwert d'Avenue du Bois, deen meng Interpretatioun och stäipt, hunn ech net matgewierkt. Vun deem Adressewierk, vun deem dir schreift, wees ech näischt: hutt dir eng Quell dovunner? Wat solle mer dann elo maachen? --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:31, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Anert Beispill: d'Haus Nummer 2 (mat Ubau) vum Boulevard John J. Pershing läit op zwou Kräizungen mateneen, inklusiv där vun der Rue Albert Unden mat der Rue de Gibraltar! An awer ass d'Adress vun deem Haus "2, boulevard John J. Pershing" a net anescht. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:46, 1. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Ech mengen ech gi geckeg wann ech dat do alles liesen.
Zum bessere Versteestemech op der Wikipedia, wann dat nach net soll bekannt sinn:
1) et däerf een ni aner Wikipediasartikelen als Referenz huelen, well d'Wikipedia sech net op sech selwer bezéie kann a well ee soss eebe wéi hei g'Gefor leeft, datt een eng aner falsch Ausso benotzt fir seng eegen als richteg dohin ze stellen.
2) ech stelle fest datt dir net wësst wéi d'Haiser numeréiert ginn a firwat datt d'Haus N°2 zwee sou numeréiert ass.
3) Ech stelle fest datt dir an den Auteur vum Artikel Avenuer du bois, Iech net d'Méi gemaach hutt fir am Adresseregëster vun der Stad nozekucken, fir erauszefannen, wat fir Haiser wou stinn.
4) Ech stelle fest datt Dir Iech d'Strosseschëlter mat den Nimm entweder net all, oder net genee ugekuckt hutt, soss géift der net behaapten d'Enn vun der Avenue du Bois an den Ufank vun der Rue Albert Unden wier op der Kräizung mat de Boulevarden.
5) Wann d'Avenue Albert Unden op där kräizung géif ufänken firwat fënnt een op deenen Eckhaiser keng Informatioun doriwwer?
6) D'Schëlter vun der Rue Albert Unden stinn op der Kräizung mat der Rue Gibraltar.
7) Wat déi zwéi Säitenäerm ugeet, sou ass ze soen datt op d'mannst souwäit wéi ech erausfonnt hunn deen Ieweschten e Privatwee ass, deen deemno iwwerhaapt net zur Strooss gehéiert, a just eng Afaart fir d'Residenz ass.
Da lo, Ier iwwerhaapt hei weider diskutéiert gëtt nach en Kéier d'Fro:
1) Firwat seet d'Stad Lëtzebuerg, d'Haiser mat der N° 98 an 100, stéingen an der Rue du Bois?
2) Firwat steet Ärer Meenung no op der Kräizung vun der Avenue du Bois dat Strosseschëld mat den zwéi Fäiler drop?
Wann déi zwou Froe mol beäntwert sinn kënne mer weiderschwätzen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:25, 2. Sep. 2020 (UTC)Äntweren


Nach eng Informatioun déi an der Referenz Was bedeuten die Strassennamen unserer Stadt steet.
Durch Gemeinderatsbeschluss vom 20. Dezember 1945 führt die Verbindungsstraße zwischen der Rue de Gibraltar und der Rue de Mühlenbach den Namen des Kaufmanns und Industriellen Albert Unden.
Wann een net liest wat an de Referenze steet déi ee selwer opféiert, dann notzt dat Ganzt net vill. --Les Meloures (Diskussioun) 08:29, 2. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Ech sinn deen Éischten, deen seng Onwëssenheet gären zougëtt. Dir erkennt Feeler a Quellen wéi "Ons Stad" oder der On-line-Kaart vum Service Topographie et géomatique vun der Stad Lëtzebuerg (cf. Extrait vun der Kaart, deen ech hei an d'Diskussioun bäigefüügt hunn, mee op deen dir net agitt). Ech stelle just fest dat et offensichtlech Interpretatiounsschwieregkeete gëtt, op offizieller Säit wuelgemierkt. Op dësem Punkt muss ech an aller Bescheidenheet dann passen, a kleng bäiginn. Esou wéi ech Wikipedia verstinn, braucht dir meng Erlabnis net fir den Artikel an ärem Sënn ze verbesseren. Ech hunn näischt weider zu dëser Diskussioun bäizesteieren, an entschëllege mech souguer wann dës Diskussioun iech sollt opgereegt hunn, wat nimools meng Absicht war a wat ech och net konnt virausgesinn. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 08:51, 2. Sep. 2020 (UTC)Äntweren


Remoien, Dir braucht Iech net z'entschëllegen well ech hu mech net opgereegt (mäin Dokter huet mer dat verbueden). Ech wëll nëmmen Tatsaache festhalen a keng perséinlech Interpretatiounen, déi net den Tatsaachen entspriechen.
cf. Extrait vun der Kaart, deen ech hei an d'Diskussioun bäigefüügt hunn, mee op deen dir net agitt.
Da wëll ech dat lo nach maachen. Déi Kaart ass jo e gutt interaktiivt Instrument, mä et muss een et dann och sou ausnotzen. Datt bei sou Kaarten d'Nimm vun de Stroossen net ëmmer 100 % richteg ugewise ginn ass schonn zanter laangem bekannt. D'Graphiker hunn dat nach net iwwerall am Grëff fir datt deen Numm soll prezis ugewise ginn. Par Konter hätt Dir déi Kaart kënne benotzen fir erauszefannen a waterenger Strooss d'Haiser N° 98 an 100 stinn. E Klick op dat Feld vum Haus op der Kaart an dir kritt d'Adress ugewisen.
Ech gesinn net wou d'Interpretationsschwieregkeet sinn. Z. B. dat heite Schëld   dat um Eck vun der Avenue du Bois an dem Boulevard Ernest Feltgen steet, weist kloer datt d'Avenue du Bois vun deem Schëld aus an zwou Richtunge geet. Dofir sinn déi zwéi Fäiler iwwer dem Numm, deen een no lénks an den aneren no riets. --Les Meloures (Diskussioun) 09:25, 2. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Rue Albert-Unden".