Diskussioun:Munnefell

Letzter Kommentar: viru(n) 5 Méint von Les Meloures in Abschnitt Munnefell

Munnefell änneren

Hallo, gëtt de Begrëff "Munnefell" vun iergendengem nach gebraucht? Ech hunn e just am Luxemburger Wörterbuch fonnt. Den LOD, dico.lu, a luxdico kenne just d'Zwerchfell. D'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart an de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache kenne kee vun deene Begrëffer.
Oder gëtt Munnefell just bei Déieren an net beim Mënsch benotzt? --Bdx (Diskussioun) 08:27, 14. Nov. 2023 (UTC)Äntweren

Moien, wéi schonn dacks gesot: dem LOD feelt nach en décke Pak Wierder déi et op Lëtzebuergesch gëtt a mer wëssen net ob e veschiddener express net opféiert, op se vegiess goufen oder ob se nach net derzou komm sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:42, 14. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Dat ass elo net wierklech eng Äntwert op meng Fro well ech mech jo net nëmmen op den LOD bezéien. Gëtt et iergendeng Quelle fir de Gebrauch vum Wuert Munnefell? Oder informell Informatioune vun de Leit op der Wikipedia hei? Soss réckelen ech den Artikel op "Zwerchfell". --Bdx (Diskussioun) 13:36, 15. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Et gouf mol beim LOD nogefrot. Mol kucke wat déi soen. Se sinn awer lo sécher dës Woch mat de Bicherdeeg geplot. --Les Meloures (Diskussioun) 13:48, 15. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Merci fir déi Initiativ. Kee Probleem, et presséiert net. --Bdx (Diskussioun) 14:24, 15. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Mëtteg,
Ech war jiddefalls baff wéi ech dat d'lescht Woch fonnt hunn; hunn et nach ni virdrun héieren oder gesinn… mä bon, dat heescht och näischt ;-) GilPe (Diskussioun) 14:47, 15. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
An dobäi steet et scho fofzéng Joer do.   --Les Meloures (Diskussioun) 14:51, 15. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Munnefell".