Diskussioun:Méizuel

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Les Meloures in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Moien,

well et hei just ëm d'Méizuelbildung am Lëtzebuergesche geet, giff ech dat am Lemma spezifiéieren: "Méizuelbildung am Lëtzebuergeschen" oder vläit, méi einfach, "Méizuel (Lëtzebuergesch)". Aner Sprooche kënnen do jo nach jett méi konterbosseg (oder vill méi einfach) sinn.

Ech géif virschloen, als Basis vun dëse Grammairesartikelen dem Schanen säin "1,2,3,..." ze huelen, de Schanen ass deen Expert, wat Morphosyntax bestrëfft. Ech luussen do deemnächst emol eran. --Zinneke 11:17, 2. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Ech hunn den Artikel mol einfach Méizuel genannt well ech mer geduecht hunn, datt se souwisou an anere Sproochen anescht heescht. Ech wollt och net direkt eng Homonymie uleeën, well et menger Meenung no warscheinlech bis der Jomerdag dauert éier mer eppes iwwer d'Méizuelen an anere Sprooche gewuer ginn. (ech mengen domat ausféierlech Artikelen, déi et net onbedingt op enger Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch muss ginn). Ech hu mech bei dësem Artikel un d'Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch gehalen. --Les Meloures 12:19, 2. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Homonymie ass net néideg; et goung mer just drëms, dat Allgemengt (wat ass e grammatesche Plural) an dat Besonnescht (wéi gëtt en am Lëtzebuergesch gebilt) auserneen ze halen. Ech hunn einfach emol en allgemenge "Chapeau" viropgesat, a spezifiéiert, datt dat wat dono kënnt, just d'Méizuel vu Substantiver am Ltz. betrëfft. --Zinneke 13:20, 2. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Remoien,
Ass op jiddwer Fall besser esou. Merci --Les Meloures 13:59, 2. Feb. 2011 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Méizuel".