Diskussioun:LuxLeaks

Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Cayambe in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Beim Medicoleak gouf een deen d'Informatioun verbeet huet mat 500 Euro bestrooft. Hei muss jo och een d'Informatioune gezoppt hunn. Met wéivill Euro soll deen da gestrooft ginn. --91.180.230.95 18:58, 6. Nov. 2014 (UTC)Äntweren

Am Le Soir steet, PwC hätt 2012 eng Plainte contre X gemaach. Ech hunn néierens gelies, deejéinegen oder déijéineg wier(en) an der Tëschnnzäit identifizéiert ginn. Deemno gouf och na kee "gestrooft". --Zinneke (Diskussioun) 22:20, 6. Nov. 2014 (UTC)Äntweren
Am d'Lëtzebuerger Land vum 19. Dez. 2014, S. 10, gëtt et en detailléierten Artikel iwwer den Historique an d'Hannergrënn vu LuxLeaks. Dësen LL-Artikel schéngt mir exzellent recherchéiert ze sinn.
Den Haaptauteur vun de Leaks gëtt mam Numm genannt, hien huet keng Sue gefrot, huet also aus purem Idealismus gehandelt, a gouf zu Lëtzebuerg ugeklot. Den zoustännege Lëtzebuerger Ministère hätt 'onviirsichteg, an inkompetent' gehandelt an esou d'Leaks méiglech gemaach.
De WP-Artikel ka mMn mat dësem Zeitungsartikel ausgebaut a komplettéiert ginn (wat ech elo just zum Deel gemaach hunn). --Cayambe (Diskussioun) 18:03, 24. Dez. 2014 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "LuxLeaks".