Diskussioun:Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 7 Joer von Les Meloures in Abschnitt Der Volksfreund

Lëtzebuerg Privat an Promi Lëtzebuerg gët et net méi!!! änneren

Lëtzebuerg Privat an Promi Lëtzebuerg gët et net méi: Sie heeschen elo nëmmen nach Privat an Promi!!! -- 188.115.14.10 15:59, 22. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Hei den aktuellen Artikel: Privat (Medien) -- TiMue87 16:04, 5. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Point24 änneren

Euch fannen et richteg schued, dat Point 24 schon déi zweet Gratis-Zeitung ze Lëtzebuerg ass, déi an franséischer Sprooch ass. Et gëtt ëmmer nach keng Gratis-Zeitung hei am Land déi wéi Luxemburger Wort, oder all déi aner Zeitungen mat grousser Opplach, op Däitsch ass. Et ass zimlëch traurëch, dat et nëmmen franséischsproochëch Gratis-Zeitungen fir d'Auslänner gët an kéng so Zeitung fir d'Lëtzebuerger!!!

Leider gëtt dat ganzt vun der Regierung stark ënnerstötzt an och um RTL-Lëtzebuerg ginn ëmmer méi Franséisch Wierder geschwaat; so z.B.: 2€-Sonnermönz: Traité de Rome oder Vinqueur funn der Tour der France!!! Fierwatt hescht ët nët Rëimesch Verträge an Gewönner? Natierlëch ginn ët an der lëtzebuergesch Sprooch och nëtt all Wierder, mä déi goufen iwer Johrhonnerten duerch Däitsch Wierder ersat; so z.B. Ewigkeit. An all Lëtzebuerger kuckt vu klengems un, nierwend dem RTL-Lëtzebuerg natierlëch, déi däitsch Television-Programmer; so z.B. den originalen RTL-Television. Ech fannen dat wat Regierung an d'Medien do machen nëmmen nach traurëch, richteg traurëch, wirklëch richteg traurëch!!!

Mat frëundlëchen Gréiss, Timon Müllenheim (an nët fälschlëcherweis Mullenheim). -- 83.99.48.180 03:46, 4. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Moien, merci fir Äre Commentaire, deen awer näischt mam Artikel hei ze dinn huet. Fir Meenungen zu Gott an der Welt ginn ent Bloggen, Lieserbréifsäiten, asw. op anere Medien am Internet. Mee w.e.gl. net hei. --Zinneke 16:50, 11. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Oploen änneren

Oploe vun Periodiquë si, wéi mer wëssen, eng quokeleg Saach. Déi, déi hei stinn, sinn onvollstänneg, ouni Quell, an ouni Indicatioun, op dat elo d'Drock- oder Verkafsoplo ass, nach, vu wéini déi Zuele sinn. Aus deem Grond proposéieren ech, dat hei erauszehuelen. Wou Geneeës doriwwer bekannt ass, kann dat jo am Artikel dozou preziséiert ginn. --Zinneke 11:38, 19. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Sinn der selwechter Meenung. Les Meloures 11:42, 19. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Quell sin déi eenzeln Säiten an hier Quellen!

Weider Zäitungen änneren

D'Wäschfra, L'investigateur, ... (net-signéiert Kontributioun vun der IP 87.240.236.162)

D'Wäschfra fehlt definitiv, den francophonen L'investigateur gët et zënter dem Mee 2010 net méi! -- 87.240.236.162 17:37, 6. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Merci fir den Hiweis, gouf dragesat.--Zinneke 18:21, 6. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Numm: Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg ? änneren

Misst deen Artikel hei net heeschen: Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg ? --Bdx (Diskussioun) 09:51, 15. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Ass gemaach. Et wier awer dann och vläicht net schlecht wann en neien Artikel entsteet deen och an d'Lëscht bäizeflécken --Les Meloures (Diskussioun) 10:51, 15. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Merci! Jo, ech wollt alleguer déi nei Zäitschrëften dobäimachen, soubaal ech fir se all en Artikel geschriwwen hunn; et bleiwen der net méi vill. --Bdx (Diskussioun) 11:47, 15. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Der Volksfreund änneren

Moien,
Am Kapitel vun den Zeitungen, déi net méi erauskommen steet Der Volksfreund (1848). Ass dat nach eng aner Zeitung gewiescht wéi Der Volksfreund? Missten net och Der Wächter an der Sauer, Diekircher Wochenblatt, Wochen-Blatt für Bürger und Landleute an der Lëscht derbäi kommen? --GilPe (Diskussioun) 06:42, 6. Nov. 2016 (UTC)Äntweren

Den Titel vun dëser schéngt och net der Volksfreund mä Luxemburger Volks-Freund gewiescht ze sinn. (Luxemburger Volks-Freund op AZ.lu) --Les Meloures (Diskussioun) 07:24, 6. Nov. 2016 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg".