Diskussioun:Jugendherberg Stad Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 9 Joer von Jwh in Abschnitt Klausen oder Pafendall?

Klausen oder Pafendall? änneren

Obwuel se zum gréissten Deel op Clausener Territoire steet..... Dat war villäicht fréier mol esou, d'Jugendherberg läit jiddefalls haut no der Kaart op topographie.lu komplett am Quartier Pafendall. --MMFE (Diskussioun) 11:04, 9. Feb. 2015 (UTC)Äntweren

Richteg a se läit net nëmmen am Quartier wéi d'Stad Lëtzebuerg e gesäit, mä neierdéngs no den neie Grenze vun de Kadastersektiounen och an der Sektioun B vum Pafendall. --Les Meloures (Diskussioun) 11:41, 9. Feb. 2015 (UTC)Äntweren
Hmh, geoportail.lu schéngt sech dann u "fréier" ze halen. --Jwh (Diskussioun) 14:48, 9. Feb. 2015 (UTC)Äntweren
Du muss méi genee kucken. déi nei Grenz leeft iwwer d'rue du Fort Olizy dann an den neie Wee bis ënner Bréck, spréngt dann op d'Bréck an Direktioun Stad, a béit dann op de Boulevard Thorn of. --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 9. Feb. 2015 (UTC)Äntweren
OK, got it! Ech hunn op der Carte topographique gekuckt an do ass dat Gepenktels, 't schéngt den historesche Plang ze sinn. Op der Carte de base gesinn ech da lo déi richteg Ofgrenzung. Gutt ze wëssen. Merci! --Jwh (Diskussioun) 19:37, 9. Feb. 2015 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Jugendherberg Stad Lëtzebuerg".