Diskussioun:Juegdsyndikat

Letzter Kommentar: virun 1 Joer von Dewilda in Abschnitt Eng Stee ass eng Stee

Froen iwwert Verbesserungen. änneren

Gudde Moien 2A02:A03F:A199:6C00:A8CF:73FF:A83B:1B25

Firwat Secretaire-Tresorier an net Sekretär-Tresorier?

Firwat Collège des syndics an net Virstand, wou d’ANF esouguer an hiren Supporten fir den Juegdexamen (op Däitsch) vun Syndikatsvorstand schwätzt.

De Sekretär kann och fir aner Juegdlouse schaffen.[Source?] Kee Text verbitt dat, an d’Lousen 96 an 113 ginn den Moment zum Beispill vum selwechten Sekretär betreit. 2001:7E8:C430:BC01:84F4:D10B:599E:CBBA 08:04, 31. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Moien och,
  1. Firwat Secretaire-Tresorier an net Sekretär-Tresorier?
    • Bei Sekretär-Tresorier gëtt e Schrëftbild vun zwou Sprooche vermëscht. Dat ass net optimal.
  2. Firwat Collège des syndics an net Virstand?
    • Collège des syndics ass d'Wuert wéi am Gesetz. Den däitsche Vorstand géif op Lëtzebuergesch mat Kommitee iwwersat ginn. Virstand ass a kengem lëtzebuergesche Wierderbuch opzedreiwen. Wa Kommitee (Comité) dat Wuert wier wat ubruecht ass, dann hätt de Legislateur et och gebraucht.
  3. Keen Text verbitt dat
    • Ech denke wa keen Text et verbitt, oder explizit erlaabt da brauch et hei och net speziel ervirgestrach ze ginn.
E Gudde Rutsch an d'neit Joer --2A02:A03F:A199:6C00:A8CF:73FF:A83B:1B25 08:31, 31. Dez. 2022 (UTC)Äntweren
Deng Argumenter sinn gutt! Just Collège des syndics ass am Sproochgebrauch net üblech, soll ee net "de Collège des syndics (Kommitee)" aus der Entête maachen?
Gudde Rutsch! 2001:7E8:C430:BC01:84F4:D10B:599E:CBBA 10:10, 31. Dez. 2022 (UTC)Äntweren


Wann an Ezyklopedien no der gebräichlecher Sprooch gekuckt gëtt (besonnesch bei Gesetzer, bei technesche Wierder oder wëssenschaftlechen Ausdréck, wou d'Lëtzebuergescht aarm drun ass) da kënnt net vill Gutts derbei eraus. --2A02:A03F:A199:6C00:A8CF:73FF:A83B:1B25 10:42, 31. Dez. 2022 (UTC)Äntweren

Eng Stee ass eng Stee änneren

Nee bei der Stee (Juegd) ass eng vun den 3 héchstens Misen den den Zouschlag kritt.

Da sollt ee vläicht déi Besonneschheet am Artikel iwwer d'Stee ënnerdaach bréngen amplaz e speziellen Artikel fir just dee klengen Ënnerscheed zu anere Steeën wëllen unzeleeën. Dat ganzt Juegdgesetz ass zimmlech vill opgedeelt, et sollt een mat den Opdeelungen net iwwerdreiwen, wann een epees an engem anere globale Kontext ka soen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:23, 28. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Et muss ee e Juegdschain hunn, eng physich Persoun sinn (ausser Staat a Gemeng), e kann e zou Mei zesummen pachten, e Bierg hun, mat 50 Euro erop goen.
Et sinn schon vill Ennerscheeder fir daat an den Artikel Stee anzebauen. Dewilda (Diskussioun) 20:28, 28. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Juegdsyndikat".