Diskussioun:Gaston Reinesch

Letzter Kommentar: virun 1 Joer von 2A02:A03F:A199:6C00:9DA:79D2:7C21:1260 in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Hei liesen ech: Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank an zwou Reien drënner President vun der Lëtzebuerger Zentralbank. An de Statute vun der Bank ass weder e President nach e Gouverneur vun der Bank virgesinn. Wees vläicht een, watereng Roll de Mann wierklech an der Zentralbank spillt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:22, 29. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Wei soll een interaktiv matschaffen wann esou vill Säiten gespaart sinn?

Wa Säite gespaart sinn dann ass dat warscheinlech well déi sougenannt interaktiv Matschaff vill Duerchernee bruecht huet.


Mol gudde Moie gesot, an dann d'Informatioun datt d'Säit just fir IP-Adresse gespaart ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:47, 1. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Ech sinn ugemellt mee ech kann awer net op dësem Artikel matschaffen.

Dat ass gutt méiglech. Och wann een ugemellt ass da muss ee schonn e puer Eeër op der Wiki geluecht hunn fir däerfen u sou Artikelen änneren ze goen. Dir kënnt Iech och nach zéng aner Benotzernimm zouleeën, dat déngt näischt, soulaang wéi der net bewisen hutt datt Dir valabel kënnt a wëllt matschaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:06, 2. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Wéi eng akadeemesch Autoritéit ass dann zoustänneg, fir een Accord zur Mataarbecht ze erdeelen? Kënnt Dir mer vläicht Ären C.V. virleeën, datt ech mech duerno riichten? Merci am Viiraus, a bescht Gréiss! - V. B. 2A01:CB10:8044:A000:FC83:CD28:A37F:A11A 09:22, 2. Jul. 2022 (UTC)Äntweren
Wat soll dat dommt C.V. Gebraddels. D'Wikipedia ënnersteet kenger akadeemescher Autoritéit a Leit déi sech nëmme fir fënnef Su fir d'Wiki intresséieren, déi wësse firwat dat sou ass a wéi dat funktionnéiert a brauchen net domm hei ze stëppelen. --2A02:A03F:A199:6C00:9DA:79D2:7C21:1260 10:45, 2. Jul. 2022 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Gaston Reinesch".