Diskussioun:François de Curel

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Les Meloures in Abschnitt Carrière

Carrière änneren

D'Behaaptung: "Mee amplaz d'Nofolleg vu sengem Papp als Chef vun der Schmelz, déi der Famill gehéiert huet, unzetrieden, huet hie sech léiwer mat Literatur ofginn." ass ze relativiséieren, wann een dem Philinthe (1928) ka gleewen. Dat muss ee nokucken a eventuell nei formuléieren. --Jamcelsus 20:43, 19. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Dës Behaaptung stamt aus der biographescher Notiz vun der Académie française: "Il devait prendre la succession de son père à la direction des forges familiales, mais il préféra s’orienter vers la littérature." Cf. http://www.academie-francaise.fr/immortels/base/academiciens/fiche.asp?param=529 Wat natierlech net automatesch heescht, datt et richteg muss sinn. --Christian Ries 05:30, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren
Dat hei steet an der Universalis:Héritier d'une ancienne famille industrielle lorraine, diplômé de l'École centrale des arts et manufactures, ayant dû renoncer après la guerre de 1870 à une carrière d'ingénieur. François de Curel vit en gentilhomme campagnard une semi-retraite sur ses terres ardennaises et partage son temps entre la lecture, la méditation et la chasse.
Dem de Curel säi Papp war selwer ni Industrielle gewiescht. Hie war bei den de Wendel abestuet. (ref:McGraw-Hill encyclopedia of world drama) Nom Krich vun 1870 goufen deenen hir Propritéiten tëscht Frankräich an Däitschland gedeelt. Dat kann erkläre firwat datt hie keng Ingenieurscarrière gemaach huet. Wat d'Ardennen ugeet sou ass domat Habay gemengt wou si Propriétaire vum Schlass op der Trapperie waren. Les Meloures 10:49, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Famill mat dem Hippolyte Trotyanne ? änneren

Des Info schéngt net richteg ze sinn, dofir gouf se aus dem Artikel erausgeholl: "De François de Curel war den Neveu vum Hippolyte Trotyanne, dem Erbauer vum Hotel Grand-Chef zu Munneref." --Christian Ries 05:30, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Wou ass déi dann hierkomm. ? Les Meloures 08:29, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren
Quell: S. 14 in: Thill, Norbert, 1993. Mondorf-Bad von Anbeginn. heimat + mission 12: 1-16. Zitat: " Trotyanne war der Onkel des damals sehr geschätzten Schrifstellers Vicomte François de Curel". An der Genealogie vum Trotyanne hunn ech näischt doriwwer fond. --Christian Ries 09:48, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Moien, Bei den de Curel gëtt et och keng Spur dervunner. Les Meloures 10:41, 20. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "François de Curel".