Diskussioun:Fortschrëttlech-demokratesch Partei

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Joer von Zinneke in Abschnitt Walresultat 1931

Walresultat 1931 änneren

Déi franséisch an englesch Wikipedia schreiwen an den Artikelen iwwer d'Partei, si hätt 5.3% vun de Stëmme krut.

An den Zeitungsartikele vun deemols gesäit een, datt d'Partei am Ganzen 35.702 krut, an datt et am ganze Walbezierk 291.280 Stëmme goufen. Fir mech bedeitend dat, datt si 12% vun de Stëmme kruten. Gesinn ech do eppes net? --Bdx (Diskussioun) 15:22, 10. Okt. 2019 (UTC)Äntweren

Moien, Prozenter bei Walen zu Ltz. sinn emmer sou eng Saach, well se am Fong nemme pro Walbezierk eppes aussoen, an een se net op d´ganz Land héichrechne kann. Wat eenzeg zielt, ass, wéivill Setzer eraussprangen. Am Süde brauch een eppes iwwer 3 Prozent fir ee Setz ze kréien, am Osten der bal 13...
Am heite Fall huelen ech un, dass iergendeen dat duerch d´Stemmbevelkerung vum ganze Land dividéiert huet, och wann dat net vill Senn mécht.--Zinneke (Diskussioun) 21:40, 10. Okt. 2019 (UTC)Äntweren
OK, Merci fir d'Erklärung! Mengs du, et wier da besser, d'Mentioun iwwer Stëmmzuel a Prozentsaz erauszehuelen? --Bdx (Diskussioun) 06:06, 11. Okt. 2019 (UTC)Äntweren
Net onbedingt, soulaang kloer aéss, wourop d'Prozenter sech bezéien.--Zinneke (Diskussioun) 11:43, 14. Okt. 2019 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Fortschrëttlech-demokratesch Partei".