Diskussioun:Folk-Gittar

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Les Meloures

Moien,

Well ech deen Ënnerscheed vun der klassescher an Akustescher Gittar komesch fonnt hunn, hunn ech mol gëschter bei engem Spezialist (Instrumentebauer) nogefrot. Deen huet mer gesot eng klassesch Gittar wier och eng akustesch Gittar.

Wie geheit elo eppes duercherneen? De Mann deen der baut, oder deen, deen hei schreift?

Les Meloures 20:35, 11. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Op der däitscher Wiki-Säit soen se dass all Gittar, wou den Toun ouni technesch Hëllefsmëttel produzéiert a verstäerkt gëtt, eng akustesch Gittar ass. Deemno ass Akustesch Gittar en Iwwerbegrëff a klassesch, spuenesch, Concerts- a Folk-Gittare sin akustesch Gittaren, am Géigesaz zu den elektresche Gittaren. -- Pecalux 06:55, 12. Abr. 2010 (UTC)Äntweren
Merci,
Mä ech hat éischter mat enger Äntwert vum Auteur gerechent, an datt e vläicht probéiert fir déi Gittaren ënnert een Hutt ze kréien.
Les Meloures 07:46, 12. Abr. 2010 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Folk-Gittar".