Diskussioun:Autobunn A13 (Lëtzebuerg)

westlech vum Diddelenger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dervun Saarautobunn genannt

Wou ass Diddelenger Kräiz? Soll et net Beetebuerger Kräiz sinn? --Tomateus 16:31, 11 Mäerz 2007 (UTC)

D'Autobunn mecht jo awer keng Kéier op der Biff. Dofir verstinn ech net, wéi se vun der Biff aus iwwert d'Sortie 1 Péiténg ka lafen, ir se op Suessem féiert. --Bouneschlupp 11:55, 29 Juni 2007 (UTC)

Fir d'éischt emol "Gudde Moien" an dann zu denger Bemierkung iwwert d'Sortie 1 Péiteng: D'Autobunn A13 fänkt zwar op der Biff un awer nët um Rond-point selwer mee eréischt 300 Meter hannendrunn, do wou d'Schëlt steet. D'Sortie 1 Péiteng ass nëmme relevant fir d'Richtung Esch-Péiteng an do ass et déi läscht Sortie vun der Autobunn. Dat wat am Artikel falsch ass, ass de Rond-point, well deen ass net op der Autobunn. E schéinen Dag nach! --Pecalux 13:32, 29 Juni 2007 (UTC)
Zréck op d'Säit "Autobunn A13 (Lëtzebuerg)".