De Begrëff Diglossie (griichesch διγλωσσία, diglossía, „zwou Sproochen“) bezeechent an der Soziolinguistik eng Situatioun, wou eng Sproochcommunautéit zwou Sproochen, déi enk mat enee Famill sinn, jee no Situatioun, ofwiesselnd gebraucht. Den Charles A. Ferguson, deen de Begrëff definéiert huet, deelt dobäi déi 2 Sproochen an en niddreg ("L" fir "low") an eng héich ("H" fir "high") Variant an. D'L-Variant géif dobäi am Alldaagsgespréich, an der Famill, virun allem mëndlech, gebraucht ginn, wärend d'H-Variant a bestëmmten, méi formelle Situatiounen, wéi der Literatur, Zeremonien, Schoulbildung, asw. gebraucht gëtt.[1]

D'H-Variant kann eng eeler Form vun der Sprooch sinn (wéi d'Latäin am fréie Mëttelalter), oder en Dialekt (z. B. am Norwegeschen d'Bokmål par Rapport zum Nynorsk, oder am Chineesesche mam Mandarin als offiziell standardiséiert Schrëftsprooch,al, an de sëllegen Topolekten/Dialekten, déi am Alldag geschwat ginn.

Um Spaweck

Wiktionnaire: Diglossie Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen

  1. Ferguson, Charles A. (1959): "Diglossia". In: Word 15, S.325–340