Die Spinnen
Film von Fritz Lang (1920)
Die Spinnen ass eng Abenteuerfilmserie vum Fritz Lang, déi aus zwéi Filmer besteet. Vun véier Stéck, déi virgesi waren, goufen der nëmmen zwéi produzéiert. De Lang, deen nom éischten Deel vu Spinnen, Das Kabinett des Doktor Caligari sollt dréien, koum net dozou, an de Robert Wiene huet sech ëm de Caligari gekëmmert.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland, Weimarer Republik |
Première | 3. Oktober 1919 |
Dauer | 137 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,33:1 |
Ekipp | |
Regie | Fritz Lang |
Dréibuch | Fritz Lang |
Fotografie |
Karl Freund, Carl Hoffmann, Emil Schünemann |
Schnëtt | Paul Falkenberg |
Produzent | Erich Pommer |
Schauspiller | |
Carl de Vogt, Ressel Orla, Georg John, Lil Dagover, Harry Frank, Rudolf Lettinger, Edgar Pauly, Paul Morgan, Paul Biensfeldt, Friedrich Kühne, Meinhart Maur, Gilda Langer | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et an de Filmer ? änneren
Et ass de Virleefer vum Steven Spielberg senger Indiana Jones-Trilogie. De sportleche Millionär, de Béise mam Doktertitel, den Harvard-Professer, dee vermësst gëtt, d'Goldgrouf an de Bierger, den "hellege Séi", den Inka-Tempel, d'Flucht an enger Montgolfière, déi mysteriéis Inka-Paschtouesch an nach allerhand "bekannt" Saachen.
1978 gouf a Südafrika eng Kopie fonnt, déi 1979 vum David a Kimberley Shepard restauréiert gouf.