Die Musik in Geschichte und Gegenwart

Die Musik in Geschichte und Gegenwart, ofgekierzt MGG, ass nieft dem neie Grove Museklexikon déi gréisst Museksenzyklopedie, déi et gëtt.

Déi éischt Editioun vun der Enzyklopedie

Déi zweet Editioun vum MGG kënnt am Ament als Kollektivprojet eraus beim Bäranreiter-Verlag vu Kassel an dem J.B. Metzler-Verlag vu Stuttgart.

Éischt Editioun änneren

Deen éischte Faszikel vun der éischter Editioun koum tëscht 1949 an 1987 bei Bärenreiter eraus. Am Summer 1951 war deen éischte Band fäerdeg. Am Oktober 1989 huet den dtv eng Editioun a groussem Format a 17 Bänn virgestallt. Eng säitekonkordant Editioun op CD war 2001 um Maart. Den Editeur war de Friedrich Blume.

Zweet Editioun änneren

Am Januar 1994 huet de Ludwig Finscher eng nei Editioun virgestallt, déi hie sollt erausginn. Eng komplett nei iwwerschafften Noschlowierk an 20 Bänn, dovun e Sachteil an 8 Bänn an e Personenteil an 12 Bänn war virgesinn. Dat Ganzt op iwwer 17.600 Säiten. Bis den 31. Dezember 1995 gouf et ee méi niddrege Subkriptiounspräis vun 298 DM pro Band.

Doraus goufen dann no an no en zéngbännege Sachteil mat iwwer 1.550 Artikelen mat engem Regëschterband 1994-1999 an e Personenteil an 18 Bänn, vun deenen der schonn 16 publizéiert sinn, mat Regëschterband 1999 bis November 2007, mat 18.000 Artikelen.

Um Spaweck änneren