Die Erfindung der Liebe

Spillfilm vun der Lola Randl aus dem Joer 2013

Die Erfindung der Liebe ass en däitsch-lëtzebuergesche Spillfilm vun der Lola Randl aus dem Joer 2013. E koum den 1. Mee 2014 an Däitschland an d'Kinoen.

Die Erfindung der Liebe
Film
Produktiounsland Däitschland,
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2013
Première 2. Juli 2013
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Lola Randl
Dréibuch Lola Randl
Philipp Pfeiffer
Fotografie Philipp Pfeiffer
Musek Maciej Sledziecki
Produzent Coin Film
Red Lion
BR, WDR
Schauspiller
Maria Kwiatkowsky,
Sunnyi Melles,
Bastian Trost,
Mario Adorf,
Samuel Finzi
Irm Hermann
Luc Feit
Maria Rosa Tietjen
Sebastian Weber
Mira Partecke
Jürgen Rissmann
André Jung
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Dréiaarbechte vun engem Film ginn duerch de stënterlechen Doud vun der Haaptactrice ënnerbrach. D'Equipe decidéiert nom éischte Schock, virunzedréien; eng Stagiairin kritt eng Paréck opgesat a soll déi weiblech Haaptroll spillen; d'Gesiicht vun der Verstuerwener soll duerch CGI agebaut ginn. De Film am Film dréint sech ëm eng jonk Koppel, déi eng steeräich an doutkrank Fra ëm hiert Verméigen erliichtere wëll…

Soss änneren

De Film ass d'Resultat vun engem Filmprojet, bei deem effektiv d'Haaptactrice Maria Kwiatkowsky wärend den Dréiaarbechte gestuerwen ass. D'Regisseurin an de Dréibuchauteur hunn d'Dréibuch op d'Kopp gehäit an den Doud selwer thematiséiert, fir aus deem scho gefilmte Material e Film am Film ze maachen.

Um Spaweck änneren