Didier Queloz

Schwäizer Astronom

Den Didier Patrick Queloz, gebuer den 23. Februar 1966, ass e Schwäizer Astronom a Mataarbechter an der Fuerschungsgrupp ëm de Michel Mayor am Departement fir Astronomie op der Universitéit Genf.

Didier Queloz
Gebuertsnumm Didier Patrick Queloz
Gebuer 23. Februar 1966
Lausanne
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Genf
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, International Astronomesch Unioun, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften

Hie war un der Entdeckung vum éischten extrasolare Planéit am Stäresystem Pegasus 51 bedeelegt[1].

Den Didier Queloz hat am Joer 1990 e Physik-Studium op der Universitéit Genf mat engem Master ofgeschloss an am Joer 1995 den Ofschloss als Ph.D. erreecht. Déi kollektiv Entdeckung vum extrasolare Planéit berout op Miessunge vun der Radialvitess nom Dopplereffekt, dobäi gouf e Planéit mat enger Ëmlafvitess vu 4,2 Deeg entdeckt.

D'Entdeckung gouf mat en ettleche Präisser geéiert.

2013 hat de Queloz zu de Favoritte fir en Nobelpräis gezielt[3]. Hie krut dunn 2019, zesumme mam Michel Mayor, den Nobelpräis fir Physik „fir d'Entdeckung vun engem Exoplanéit, dee ronderëm e sonnenänleche Stär kreest“.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Nature. Band 378, 1995, S. 355-359
  2. SPG Preise 1991–2005, sps.ch
  3. 2013 Predictions bei Thomson Reuters (sciencewatch.com); gekuckt de 25. September 2013