Den Dettifoss ass e Waasserfall am Norde vun Island. Der Waasserquantitéit no, ass et de gréisste Waasserfall an Europa.

Den Dettifoss

30 Kilometer ier de Gletscherfloss Jökulsá á Fjöllum an d'Arktescht Weltmier leeft, passéiert en e puer Waasserfäll, dobäi no dem 11 Meter héije Selfoss den Dettifoss. Iwwer eng Breet vun 100 Meter an eng Héicht vu 44 Meter leeft dat gréng-brongt Waasser an d'Jökulsárgljúfur-Schlucht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dettifoss – Biller, Videoen oder Audiodateien