Departement Tarn-et-Garonne

franséischt Departement
Tarn-et-Garonne (82)
Regioun Occitanie
Prefecture Montauban
Ënnerprefecture Castelsarrasin
Bevëlkerung 223 000 Aw.(2006)
Fläch 3 718 km²
Arrondissementer 2
Kantonen 30
Gemengen 195

D'Departement Tarn-et-Garonne (82) ass e franséischt Departement, an der Regioun Occitanie. Et krut säin Numm vun den zwéi Flëss déi derduercht lafen, den Tarn an d'Garonne.

Geschicht änneren

D'Departement gouf an der Zäit vum Premier Empire duerch e keeserlechen Dekreet vum Napoléon I., den 21. November 1808 gegrënnt. Säin Territoire gouf vun Nopeschdepartementer geholl, dovu bal d'Hallschent vum Lot mat Montauban a Moissac. En Drëttel koum aus dem Departement Haute-Garonne mat Castelsarrasin, an de Rescht vun den Departementer Lot-et-Garonne, Gers an Aveyron.

Geographie änneren

Den Tarn-et-Garonne ass en Deel vun der Regioun Occitanie an ass eent vun de klengsten Departementer a Frankräich.

Seng héchst Plaz ass de Pech Tregon mat 371 Meter, südëstlech vu Bruniquel.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Tarn-et-Garonne – Biller, Videoen oder Audiodateien