Departement Seine-Saint-Denis

franséischt Departement
Seine-Saint-Denis (93)
Regioun Ile-de-France
Prefecture Bobigny
Ënnerprefecture Le Raincy
Saint-Denis
Bevëlkerung 1 592 663 Aw.(2015)
Fläch 236 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 21
Gemengen 40

D'Seine-Saint-Denis (93) ass e franséischt Departement, an der Regioun Île-de-France. E läit am Ballungsgebitt vu Paräis an ëmfaasst haaptsächlech d'Banlieue am Norden an am Nordoste vun der Haaptstad.

Déi ronn 1,6 Milliounen Awunner vum Departement gi "Séquano-Dionysiens" genannt.

Geographie änneren

Mat enger Fläch vun 236 km² ass d'Seine-Saint-Denis viru Paräis an den Hauts-de-Seine dat drëttklengst Departement a Frankräich. Et läit am Paräisser Baseng an am sougenannte Pays de France.

Den Departement besteet haaptsächlech aus engem niddrege Plateau, deen duerch breet Däller vun der Seine an der Marne a vun Zeiebierger strukturéiert gëtt.

Bevëlkerung änneren

2015 louch de Fertilitéitsindex bei 2,46 Kanner pro Fra, wat deen héchsten Taux vun allen Departementer am metropolitane Frankräich war.

D'Bevëlkerung huet ee vun den héchste Prozentsätz vun Auslänner a ganz Frankräich. 2013 waren 29 % (ronn 450.000 Persounen) Immigranten. 2005 hate méi wéi 57 % vun de manner wéi Uechzéngjäregen auslännesch Originnen a 64,9 % vun de Kanner, déi 2011 am Departement Seine-Saint-Denis gebuer goufen, haten op d'mannst een Elterendeel, deen am Ausland gebuer gi war.

D'Immigratioun huet schonn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert mat der Entwécklung vun der Industrie ugefaangen. Tëscht 1920 an 1940 sinn haaptsächlech Spuenier an Italieener komm an nom Zweete Weltkrich d'Nordafrikaner. Spéider sinn nach d'Portugise komm a méi rezent d'Chineesen, d'Tierken an d'Afrikaner. Parallel dozou si bis an d'1970er och vill Fransousen aus anere Regioune vum Land an d'Industriebetriber zu Paräis an an der Ëmgéigend schaffe komm.

Administrativ Opdeelung änneren

 
D'Lag vum neuf-trois an der Petite Couronne.
 
Déi dräi Arrondissementer an déi respektiv 40 Gemengen.
Arrondissement Saint-Denis
  1. Saint-Ouen-sur-Seine
  2. Aubervilliers
  3. Saint-Denis
  4. L'Île-Saint-Denis
  5. Épinay-sur-Seine
  6. Villetaneuse
  7. Pierrefitte-sur-Seine
  8. Stains
  9. La Courneuve
Arrondissement Bobigny

10.Dugny
11.Le Bourget
12.Drancy
13.Bobigny
14.Bondy
15.Les Pavillons-sous-Bois
16.Noisy-le-Sec
17.Romainville
18.Pantin
19.Le Pré-Saint-Gervais
20.Les Lilas
21.Bagnolet
22.Montreuil
23.Rosny-sous-Bois
24.Villemomble

Arrondissement Le Raincy

25.Neuilly-Plaisance
26.Neuilly-sur-Marne
27.Noisy-le-Grand
28.Gournay-sur-Marne
29.Gagny
30.Le Raincy
31.Clichy-sous-Bois
32.Montfermeil
33.Coubron
34.Vaujours
35.Livry-Gargan
36.Sevran
37.Aulnay-sous-Bois
38.Le Blanc-Mesnil
39.Villepinte
40.Tremblay-en-France

Gréisst Gemengen änneren

D'Gemenge mat de meeschten Awunner waren 2015:

  1. Saint-Denis: 111.103
  2. Montreuil: 106.691
  3. Aubervilliers: 83.782
  4. Aulnay-sous-Bois: 83.584
  5. Drancy: 69.568
  6. Noisy-le-Grand: 66.213
  7. Le Blanc-Mesnil: 55.297
  8. Pantin: 55.180
  9. Épinay-sur-Seine: 54.840
  10. Bondy: 53.439
  11. Bobigny: 51.716
  12. Sevran: 50.480

Transport änneren

Am Departement Seine-Saint-Denis gëtt et zwéi Fluchhäfen, de Fluchhafe Paris-Charles-de-Gaulle, deen de gréissten a Frankräich an ee vun de gréissten an Europa ass, an de Bourget, deen haaptsächlech fir d'Privatfligerei do ass an op deem och de Salon de l'aéronautique ofghale gëtt.

Donieft gëtt et och siwe Metroslinnen, véier Tramslinnen, fënnef RER-Linnen, 63 km Autobunn, 349 km routes départementales a 600 km Vëlospisten.[1]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Seine-Saint-Denis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. seine-saint-denis.fr: Le territoire en chiffres (gekuckt den 8. Mäerz 2018)