Departement Meurthe-et-Moselle

franséischt Departement
Meurthe-et-Moselle (54)
Regioun Grand Est
Prefecture Nanzeg
Ënnerprefecture Briey
Lunéville
Toul
Bevëlkerung 731 019 Aw.(2009)
Fläch 7 340 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 44
Gemengen 594

D'Meurthe-et-Moselle (54) ass e franséischt Departement, an der Regioun Grand Est.

Geschicht änneren

D'Meurthe-et-Moselle gëtt et als Departement eréischt zanter 1871. Et gouf aus deenen Territoirë vun den Departementer Meurthe a Moselle zesummegesat, déi Rescht blouwen, wéi den aneren Deel dovun duerch den Traité vu Frankfurt un Däitschland goung. Déi haiteg Grenz mat der Moselle ass déi, wéi se vun 1871 bis 1919 tëscht Frankräich an Däitschland war.

Wopen änneren

 

Op gëllenem Fong, de queesche Wee e rout Band mat dräi klenge sëlwer Adleren (Wope vu Loutrengen), riets a lénks dovun all Kéier eng blo gewellte Sträif fir déi zwéi Flëss d'Meurthe an d'Musel duerzestellen.

Geographie änneren

D'Departement Meurthe-et-Moselle ass en Deel vun der Regioun Grand Est. Et grenzt un d'Departementer Meuse, Vosges, Bas-Rhin a Moselle, u Lëtzebuerg an un d'Belsch.

Well et aus de "Reschter" vum Franséisch-Preisesche Krich zesummegesat gi war, huet et déi gelunge Form: 130 km vun Norden no Süden, mä tëscht 7 an 103 km vun Osten no Westen.

Wichteg Stied sinn: Nanzeg (Prefecture), Lonkech (Longwy), Pont-à-Mousson a Villerupt.

Waasserleef sinn d'Musel, d'Meurthe, d'Kuer an d'Vezouze.

Ekonomie änneren

D'Wirtschaft vun dësem Departement houng laang vum Biergbau of, besonnesch vum Ofbau vun der Minett, vum Salz a Kallek. Zanter den 1970er Joren ass et mat deenen Industrië rapid biergof gaangen, an nach haut ass de Chômage héich, besonnesch an der Géigend nërdlech vu Briey. Vill Leit vun do hunn zu Lëtzebuerg als Frontalier eng Aarbecht fonnt. Ëm Nanzeg ass d'Situatioun awer besser, do si vill Servicer installéiert.

Démographie änneren

D'Awunner vun der Meurthe-et-Moselle heeschen op Franséisch Meurthe-et-Mosellans.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Meurthe-et-Moselle – Biller, Videoen oder Audiodateien