Departement Manche

franséischt Departement
Manche (50)
Regioun Normandie
Prefecture Saint-Lô
Ënnerprefecture Avranches
Cherbourg-Octeville
Coutances
Bevëlkerung 481.471 Aw.(1999)
Fläch 5.938 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 52
Gemengen 601

Den Departement Manche (50) ass e franséischt Departement an der Regioun Normandie.

Geschicht änneren

Wéi déi meescht aner Departementer och, gouf d'Manche de 4. Mäerz 1790 an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt. Et ass en Deel vun der fréierer Provënz Normandie. Den Numm kënnt vum Äermelkanal (fr.: Manche), un deem et läit.

Geographie änneren

U Land grenzt d'Manche un d'Departementer Calvados, Orne, Mayenne an Ille-et-Vilaine. D'Hallefinsel Cotentin läit am Departement. D'Manche huet eng 350 km laang Küst.

Bevëlkerung änneren

D'Awunner gi Manchots oder Manchois genannt.

Kuckt och änneren

Commons: D'Manche – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck änneren