Departement Eure-et-Loir

franséischt Departement
Eure-et-Loir (28)
Regioun Centre-Val de Loire
Prefecture Chartres
Ënnerprefecture Châteaudun
Dreux
Nogent-le-Rotrou
Bevëlkerung 422.411 Aw.(2007)
Fläch 5 880 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 29
Gemengen 403

Eure-et-Loir (28) ass e franséischt Departement. Et ass ee vun de sechs Departementer vun der Regioun Centre; Chef-lieu ass Chartres.

Et huet säin Numm vun den zwéi wichtegste Flëss, déi derduerch lafen: d'Eure, en Niewefloss vun der Seine, an de Loir, Niewefloss vun der Sarthe.

Geschicht änneren

Wéi déi meescht Departementer gouf d'Eure-et-Loir an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt, méi genee de 4. Mäerz 1790. Et gouf haaptsächlech aus Deeler vun der fréierer Provënz Orléanais an der Grofschaft Maine, mä och vun der Île-de-France (Drouais, Thimerais, dem Dall vun der Avre, Hurepoix) zesummegesat.

Dat haitegt Departement Eure-et-Loir entsprécht dem fréieren Territoire vun de Carnutes (mat der Haaptstad Chartres, deemools Autricum genannt).

Chartres war e wichtegt Handelszentrum fir Agrarprdukter, an d'Foire vu Chateaudun bis an d'19. Joerhonnert ee wichtegt Dréikräiz fir Wueren.

Geographie änneren

 
Kaart vun der Eure-et-Loir

D'Eure-et-Loir ass en Deel vun der Regioun Centre. Et läit südwestlech vum Paräisser Ballungsgebitt an d'Landschaft ass duerch 3 Couchë vum Paräisser Baseng gekennzeechent: am Norden den Thimerais, am Osten d'Beauce, am Süden den Dunois. Am Weste leien d'Hiwwele vun der Perche.

D'Eure an de Loir sinn déi zwéi wichtegst Waasserleef.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eure-et-Loir – Biller, Videoen oder Audiodateien