Departement Cher

franséischt Departement
Cher (18)
Regioun Centre-Val de Loire
Prefecture Bourges
Ënnerprefecture Saint-Amand-Montrond
Vierzon
Bevëlkerung 314 428 Aw.(1999)
Fläch 3 718 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 35
Gemengen 290

D'Departement Cher (18) ass e franséischt Departement, an der Regioun Centre. Et krut säin Numm vum Floss Cher deen derduercht leeft.

Geschicht änneren

D'Departement gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, gegrënnt, an zwar aus Deeler vun der Provënz Berry, dem Bourbonnais mat Saint-Amand-Montrond, an dem Dall vun der Aubois deen aus dem Nivernais geholl gouf.

Geographie änneren

De Cher huet fréier mat der Indre zu der Provënz Berry gehéiert. Haut gehéiert en zur Regioun Centre a grenzt un d'Departementer Indre, Loir-et-Cher, Loiret, Nièvre, Allier, a Creuse.

De Cher stéisst am Süden un déi éischt Koppe vun der fréierer Regioun Auvergne, am Osten un déi flach Hiwwele vum Sancerrois, laanscht déi d'Loire leeft. Am Weste geet en an d'Champagne berrichonne iwwer, an am Norweste läit d'Plaine vu Sologne.

Seng héchst Plaz ass de Magnoux mat 504 Meter, an déi déifst ass do wou de Floss Cher aus dem Departement erausleeft, mat 89 Meter.

Déi wichtegst Flëss sinn: Auron, Sauldre, Yèvre, Vauvise a Cher.

 
Kaart vum Cher

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cher – Biller, Videoen oder Audiodateien