Departement Aveyron

franséischt Departement
Aveyron (12)
   
Regioun Occitanie
Prefecture Rodez
Ënnerprefecture Millau
Villefranche-de-Rouergue
Bevëlkerung 271 200 Aw.(1999)
Fläch 8 735 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 23
Gemengen 286

Den Aveyron (12) ass e franséischt Departement, an der Regioun Occitanie, dat säin Numm vum Floss Aveyron huet.

Geschicht änneren

D'Departement Aveyron ass eent vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 opgrond vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. Et entsprécht méi oder wéineger dem Territoire vun der fréierer Provënz Rouergue.

Geographie änneren

Den Aveyron gehéiert zu de Midi-Pyréenées, a stéisst un d'Departementer Tarn, Tarn-et-Garonne, Lot, Hérault, Gard, Lozère a Cantal.

Déi héchst Plaz am Aveyron ass op Les Cazalets an de Monts d'Aubrac op 1.463 Meter.

Den Aveyron ass an e puer natierlech Géigenden agedeelt, wéi z. B. d'Rougiers.

E besteet haaptsächlech aus Fielsplateauen déi vun déiwen Däller gespléckt ginn, an deenen d'Flëss Truyère, Lot, Tarn, an Aveyron fléissen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aveyron – Biller, Videoen oder Audiodateien