Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

En Defibrillator ass en Apparat, deen hëlleft, liewensgeféierlech Häerzrythmusstéierungen duerch eng Defibrillatioun oder eng Kardioversioun ze stoppen.

Europäescht Zeeche vum AED

Beim Häerzkummerflimmeren erkennt een um Elektrokardiogramm eng méi oder manner gläichméisseg, mä kleng Häerzaktivitéit. Graff gesinn entsteet dat, well den Tissu, deen d'Zesummenzéie vun den Häerzkummere koordinéiert, dat net méi richteg mécht. Doduerch gëtt d'Blutt net méi richteg gepompelt, de Kierper leit u Sauerstoffmangel. Eng éischt Moossnam wier e prekordiale Fauschtschlag, duerno eng Kardiopulmonal Reanimatioun.

En Defibrillator geet d'Saach anescht un. E versetzt dem Häerz e Stroumschlag, deen dat onreegelméissegt Zucken, déi sougenannt Fibrillatioun stoppt, an d'Häerz ka probéieren nees an en normale Rhythmus ze kommen. Allerdéngs ass déi Method keen Allheelmëttel. E Schock kann dem Patient nëmme bei engem hyperdynamen („ze schnellen“) Häerzkreeslafstëllstand, also Häerzkummerflimmeren, Häerzkummerflatteren (Defibrillatioun) oder Ventrikulär Tachykardie (Kardioversioun), hëllefen. En hypodynamen („ze luesen“) Häerzkreeslafstëllstand (schwéier Bradykardie bis zur Asystolie) kann net defibrilléiert ginn, a kann nëmmen duerch d'Injektioun vun Adrenalin behandelt ginn.

Zur Zäit ginn am Rettungswiesen international zwou Zorte vun Defibrillatoren ënnerscheet, déi klassesch manuell an di automatesch extern Defibrillatoren.

Klasseschen Defibrillator änneren

 
Klasseschen Defibrillator mat EKG-Schierm Lifepak 12

De klasseschen Defibrillator huet am Normalfall zwou sougenannt Paddles (Elektroden), Kabele fir den EKG, e Schierm an eng Rei Knäpp.

Iwwer den EKG gëtt ofgelies ëm wéi eng Aart vun Häerzrythmusstéierung et sech handelt. Duerno stellt den Dokter d'Stäerkt vum Stroumschock an, setzt d'Paddles op a schockt de Patient. Déi Defibrillatore sinn normalerweis just a Spideeler, bei Dokteren an an den NEFen vum SAMU.

E groussen Deel vun dëse Geréiter, besonnesch déi vir de Rettungsdéngscht, besetzen d'Méiglechkeet, op en hallef-automatesche Modus ze wiesselen.

Automateschen Externen Defibrillator (AED) änneren

 
AED Cardiac Science Powerheart G3, deen an de meeschte lëtzebuergeschen Ambulanzen ass
 
De Kolléisch war déi 1. Schoul zu Lëtzebuerg, déi en Defi hat. Zanter Mee 2018 steet en ëffentlech zougänglechen Defibrillator virun der Entrée, rue Marguerite de Brabant

En AED ass en Defibrillator, dee vun all Mënsch kann an däerf benotzt ginn, well e just een oder zwee Knäppercher huet, iwwer Sproochuweisung a Piktogrammer den Oflaf erkläert an dem Mënsch praktesch all d'Decisiounen ofhëlt. Et ass en Apparat, deen deelweis d'Gréisst vun nëmmen 20 op 20 cm huet an dacks an enger Këscht verpaakt ass.

Zu Lëtzebuerg haten d'Ambulanzen normalerweis keen Defibrillator bei sech. Zanter de Gebrauch vun Defibrillatoren vun där Kategorie am Règlement grand-ducal vum 19. November 2008[1] awer gereegelt gouf, sinn all d'lëtzebuergesch Ambulanzen am Rettungsdéngscht mat engem AED ausgerëscht, meeschtens mam Cardiac Science Powerheart G3. Ausserdeem fënnt een zanterhier och ëmmer méi AEDen an ëffentleche Gebaier.

Allerdéngs kascht sou een Apparat och hautdesdaags nach tëscht 1000 an 3000 €. Géigner behaapten datt d'Chance, jeemools e Fall ze hu wou e gebraucht géif, ze kleng ass fir sou vill Geld auszeginn.

Nieft dem Asaz vum Defi ass awer eng Häerz-Longen-Reanimatioun duerch de Sekurist wichteg. Den AED ass dofir eng Ergänzung, awer ni en Ersatz vun der kardiopulmonaler Reanimatioun.

Gebrauch änneren

Beim Opmaache vum AED gesäit een zwou sougenannt Fast-Pads (Elektroden). Déi ginn um bewosstlose Patient an der Anterior-Anterior-Position ubruecht, dat heescht déi eng op der rietser Broscht nieft dem Sternum an ënner dem Schlësselbeen, déi aner op der lénkser Säit vum Thorax op der Héicht vum Apex. Bei de meeschten AEDen sinn déi Positiounen och op den Elektroden duergestallt. Allerdéngs gëtt bei Puppelcher eng Elektrod vir op d'Broscht, déi aner hannen op de Réck gepecht (Anterior-Posterior-Positioun).

Gläichzäiteg fänkt den AED un, dem Benotzer mëndlech Uweisungen ze ginn, verschidde Modeller ënnerstëtzen e souguer bei der kardiopulmonaler Reanimatioun mat akustesche Signaler. Nodeem den AED dem Benotzer deementspriechend Uweisunge ginn huet, fänkt e selbstänneg un, en Elektrokardiogramm opzehuelen an auszewäerten. Duerch déi Analys erkennt den AED, op en hyperdynamen Häerzkreeslafstëllstand virläit, also entweeder eng Ventrikulär Tachykardie, Häerzkummerflatteren oder Häerzkummerflimmeren.

Bei engem hallefautomateschen AED gëtt de Benotzer dann opgefuerdert, duerch d'Drécke vun engem markante Knäppchen e Schock ofzeginn. Verschidde Modeller musse virdru nach kuerz oplueden, an déi Zäitspan sollt benotzt gi fir mat der Reanimatioun weiderzefueren. Éier de Benotzer de Schock lassléisst, muss e sech vergewësseren, datt den Ënnergrond net naass oder fiicht (Reen, Schnéi,...) ass an datt keng Brand- oder Explosiounsgefor (Tankstatioun, Sauerstofffläschen,...) besteet. E komplett automateschen Defibrillator gëtt de Schock no entspriechende Warnunge selbstänneg of.

Sollt allerdéngs en hypodynamen Häerzkreeslafstëllstand virleien, deen den AED och erkennt, ass eng Defibrillation/Kardioversioun sënnlos. De Benotzer gëtt dann einfach dozou opgefuerdert, mat der Reanimatioun weiderzefueren.

No engem Schock gëtt den AED nees weider Uweisungen. Sollte beim Patient weiderhi keng Liewenszeechen erkennbar sinn, muss d'Reanimatioun wa méiglech ouni Paus weidergefouert gi bis d'Rettungsdéngschter do sinn, an d'Uweisunge vum Defibrillator befollegt ginn. Déi meescht Modeller maache weiderhin all zwou Minutten eng Analys.

Rechtlech Situatioun zu Lëtzebuerg änneren

De Gebrauch vun automateschen externen Defibrillatore gëtt am Règlement grand-ducal vum 19. November 2008[1] gereegelt. Do gëtt zwëschen zwou Kategorien ënnerscheet:

  • An der éischter Kategorie sinn déi ganz einfach automatesch oder hallef-automatesch AEDen, déi een hautdesdaags an der Ëffentlechkeet fënnt. Si hu weeder e Bildschierm, wou een en EKG ofliese kann, nach d'Méiglechkeet, op e manuelle Modus ze wiesselen. Déi Apparaten däerfen nom Artikel 2, Abschnitt 1, am Noutfall ouni Ausnam vun all Mënsch benotzt ginn.
  • Di zweet Kategorie regruppéiert alleguer déi Apparater, déi entweeder en EKG-Bildschierm hunn oder d'Méiglechkeet hunn, op e manuellen, autonome Modus ze wiesselen. Déi Apparaten däerfe nom Artikel 2, Abschnitt 2, am automateschen oder hallef-automatesche Modus vun all Persoun benotzt ginn, déi eng vum Gesondheetsminister validéiert Formatioun iwwer d'Handhabung vun engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand huet.

Autonom defibrilléieren, dat heescht mat engem reng manuellen Defibrillator oder an engem manuelle Modus, däerfe weiderhin nëmmen Dokteren oder Infirmieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Defibrillatoren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 19 novembre 2008 relatif à l'utilisation des défibrillateurs externes automatiques Gearchiveerd op 2015-02-26. Gekuckt de(n) 2009-02-05.