Den Ded Moros (rus. Дед Мороз - "Bopa Frascht") bréngt de brave slawesche Kanner an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar Kaddoen.

Den Ded Moros mam Snegurotschka

En huet e laange wäisse Baart, eng rout Mutz mat wäissem Pelzrand, e laange roude Mantel, Walenki an e Staf, deem seng Spëtz alles wat se beréiert, fréiere léisst. E gëtt e vu sengem Kandskand Snegurotschka ("Schnéifläckchen") begleet, dat ganz a blo gekleet ass.

Dem Ded Moros seng offiziell Postadress ass zu Weliki Ustjug, eng Stad südlech vun Archangelsk, op déi d'Kanner him schreiwe kënnen.

Evolutioun an der Geschicht änneren

Den Ded Moros ass eng Personifizéierung vum Wanter.

 
Moud aus der Stalinzäit

Wéi an den 1920er Joren d'Bolschewiste mat hiren atheisteschen Iddien de russesch-orthodoxe Chrëschtdag ofschafe wollten, ass an d'Plaz d'Jolkafest gesat ginn an den Ded Moros huet am slawesche Raum dem Kleesche seng Aarbecht fir Kaddoen ze bréngen iwwerholl. Déi nei Rolleverdeelung huet sech bei der Bevëlkerung séier an ouni gréisser Problemer etabléiert an dauert nach bis haut.

An den 1930er Joren huet de Stalin ugeuerdnet, datt den Ded Moros e bloe Mantel droe sollt, fir datt en net mam Santa Claus verwiesselt sollt ginn, dee relativ änlecht Gezei huet, mä natierlech e ganz aneren Hannergrond, dee just kommerziell a fiktiv ass.

Wéinst de sëllegen aneren Differenzen, ouns d'Faarf, war déi eropbeschwuere Verwiesselungsgefor awer ni wierklech akut, a sou huet dem Ded Maros säi Mantel nom Stalin sengem Doud nees seng traditionell rout Faarf kritt.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ded Moroz – Biller, Videoen oder Audiodateien