Eng Dead Mall (englesch fir "doudegen Akafszentrum") ass e Begrëff deen an den USA entstanen ass, fir Akafszentren, déi majoritär eidel stinn oder soss an engem schlechten Zoustand sinn, ze beschreiwen. Dacks gëllt en Akafszentrum als "doud" wann et kee grousse Buttek oder Supermarché méi do gëtt, deen och fir déi méi kleng Butteker Clienten unzitt. Dat féiert dozou, datt bei dësen d'Akommes zeréckgeet an de Loyersrevenu vun de klenge Butteker net méi duergeet, fir déi héich Käschte fir de kompletten Akafszentrum an der Rei ze halen, ze finanzéieren.

Heiansdo ass en Akafszentrum vu vireran eng Dead Mall, well en zum Beispill an engem schlechten Ëmfeld gebaut gouf.[1] A ville Fäll fänkt en Akafszentrum un d'Baach an ze goen, wa seng sozio-ökonomesch Noperschaft sech verschlechtert oder nobäi en neien, méi groussen Akafszentrum opmécht. Haaptsächlech an den USA spillt heiansdo och d'Opkafe vu lokalen a regionale Butteker duerch grouss landeswäit aktive Chaînen eng Roll, well déi landeswäit aktiv Chaînen deelweis a Schwieregkeete gerode sinn an et doduerch net méi genuch grouss sougenannt "department stores" fir all Akafszentre ginn.

Verschidden doudeg Akafszentre kënne fir aner Zwecker ëmfunktionéiert ginn, zum Beispill als Bibliothéik, Büroen oder Raim fir Konscht oder Kënschtler.[2]

Wann et keng aner Méiglechkeet gëtt, da gëtt d'Gebai ofgerappt a fir aner Bauprojete benotzt.

Beispiller änneren

Referenzen änneren

  1. cnn.com: World's biggest mall a China 'ghost town'
  2. roomfordebate.blogs.nytimes.com: 101 Uses for a Deserted Mall' (4. Abrëll 2009; gekuckt de 5. Juli 2013)