De Hoge Brug oder och nach Pont Céramique ass eng Foussgängerbréck iwwer d'Meuse zu Maastricht an der hollännescher Provënz Limburg,.

De Hoge Brug
Pont Céramique
De Hoge Brug zu Maastricht
Informatiounen
Land Holland
Stad Maastricht
Geographesch Lag 50° 50’ 46’’ N
      05° 41’ 49’’ O
Längt 261 m.
Breet 7,20 m.
Héicht iwwer Waasser 10 m.
Héicht vum Bou 16 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
Büro Greisch
Typ Boubréck / Bowstring
Material Stol / Virgespaante Bëtong
Baujoer 2003
Kategorien
Brécken an Holland Boubrécken Brécken iwwer d'Meuse

D'Bréck déi am Joer 2003 gebaut gouf verbënnt den Zentrum vu Maastrich mat dem Quartier Céramique um rietsen Uwänner vun der Meuse.

Si hänkt un diagonale gespaante Seeler, déi un engem eenzege Bou, deen an der Mëtt iwwer der Bréck steet, festgemaach sinn. Op all Kapp vun der Bréck ass e Lift, datt Leit mat reduzéierter Mobilitéit et méi einfach sollen hunn an net de laange Wee iwwer d'Rampe musse maachen, fir op d'Bréck ze kommen.

Am Staddeel Céramique huet se Uschloss un d'Plein 1992 an op der Säit vum Zentrum steet de Lift um Maasboulevard an d'Rampe gi bis op Onse Liewe Vrouwewal.

D'Bréck läit tëscht der Kennedybréck an der Sint Servaasbréck.