Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den David Fiegen, gebuer den 3. September 1984 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere lëtzebuergesche Liichtathleet vum C.A. Fola. Als Mëttelstreckeleefer ass hien haaptsächlech d'800 Meter gelaf; méi rar d'1000 an d'1500 Meter.

David Fiegen
Gebuer 3. September 1984
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mëttelstreckeleefer
Kompetitiounsklass 800-Meter-Laf

Dem David Fiegen säi gréissten Erfolleg ass den Titel vum Vize-Europameeschter 2006 zu Göteborg am 800-Meter-Laf, hannert dem Hollänner Bram Som. Nom Josy Barthel senger Goldmedail iwwer 1500 m 54 Joer virdrun op den Olympesche Spiller zu Helsinki ass dat déi bescht Leeschtung vun engem Lëtzebuerger Liichtathleet. Et ass och déi éischt a bis haut eenzeg Medail fir Lëtzebuerg bei Liichtathleetik-Europameeschterschaften. Trotzdeem gouf den David Fiegen 2006 net Lëtzebuerger Sportler vum Joer; dat gouf de Fränk Schleck, deen dat Joer d'Amstel Gold Race gewonnen huet.

Säi Palmarès änneren

  • 2005/2006 (mat 21 Joer)
    • Sëlwermedail op den 800 m (1:46,59) bei der Liichtathleetik-EM zu Göteborg (Schweden)
    • Lëtzebuerger Rekord op 800 m an 1:44,81 Minutten, gelaf beim Meeting Weltklasse Zürich
    • Lëtzebuerger Rekord op 1000 m an 2:17,51 Minutten
    • Lëtzebuerger Rekord an der 3 x 1000 Meter-Staffel a 7:17,33 - zesumme mam Jimmy Keiffer a Mike Schumacher
  • 2004/2005 (mat 20 Joer)
    • Participatioun bei den Olympesche Spiller zu Athen
    • Lëtzebuerger Rekord op den 800 m an 1:45,63 Minutten
    • Participatioun bei den "World Indoor Championships" zu Budapest (Ungarn)
    • Lëtzebuerger Rekord op 1000 m (indoor) an 2:22,12 Minutten
  • 2002/2003 (mat 19 Joer)
    • Goldmedail op de "Jeux des Petits Etats" zu Malta
    • Sëlwermedail um "Europäesche Championnat vun de Junioren" zu Tampere (Finnland)
    • Participatioun bei de World Championships zu Paräis
  • 2001/2002 (mat 18 Joer)
    • Finalist bei den "European Indoor Championships" zu Wien
    • Lëtzebuerger Rekord op 800 m (indoor)
    • Bronzemedail op den "World Junior Championships" zu Kingston, Jamaika
    • Lëtzebuerger Rekord op den 800 m an 1000 m
    • Beschte Sportler vum Joer

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Virdrun    Sportler vum Joer    Duerno
Jeff Strasser 2002 Kim Kirchen