David Fabricius

däitsche Theolog,  Amateurastronom a Kartograph

Den David Fabricius gebuer den 9. Mäerz 1564 zu Esens (Ostfriesland), a gestuerwen de 7. Mee 1617 zu Osteel, war en däitschen Theolog, e bedeitenden Amateurastronom a Kartograph. Hien huet d'Verännerlechkeet vum Stär Mira entdeckt a war de Papp vum Johann Fabricius, den am Joer 1611 als Éischten eng wëssenschaftlech Ofhandlung iwwer d'Sonneflecke verëffentlecht huet.

David Fabricius
Gebuer 9. Mäerz 1564 jul.
Esens
Gestuerwen 7. Mee 1617
Aktivitéit Astronom, Kartograph
Monument fir den David an de Johann Fabricius um Kierfecht vun Osteel

Säi Liewen änneren

Den David Fabricius gouf als Bouf vun engem Schmadd zu Esens gebuer. No kuerzem Studium huet hie mat 20 Joer en Déngscht als evangeelesche Paschtouer zu Resterhafe bei Dornum ugeholl.

Vun dëser Zäit un, beschäftegt hie sech intensiv mat der Astronomie. De Fabricius beobacht d'Sonn, de Mound, d'Stären, d'Planéiten, d'Koméiten an d'Nordliichter a fänkt e Bréifwiessel mat grousse Geléierte vu senger Zäit un,  dorënner den Tycho Brahe, de Simon Marius an de Johannes Kepler. Mam Kepler huet hien tëscht 1601 a 1609 véierzeg Bréiwer getosch, an deenen et haaptsächlech ëm de Planéit Mars goung. De Fabricius huet och vill Reesen ënnerholl.

Den 3. August 1596 mierkt de Fabricius als Éischten d'Verännerlechkeet vum Stär Mira (Omikron Ceti) am Stärebild Cetus (Walfësch). Dëse Stär verännert iwwer en Zäitraum vun 331 Deeg seng siichtbar Magnitude.

Nieft der Astronomie setzt sech de Fabricius och mat der Meteorologie auserneen, woubäi hien déi Observatioune vu Stären, déi en ëmmer erëm widderhëlt an e „Calendarium“ andréit, dat bis haut erhalen ass. Hien huet och e méiglechen Afloss vun de Stären op d'Beweegung vun den Äerdloftbeweegungen ënnersicht.

1611 koum säi Jong Johann (den eelste vu siwe Jongen) vum Studium aus der Stad Leiden zeréck an huet en Teleskop matbruecht. Bei Observatioune vun der Sonn am Februar 1611 bemierke si donkel Flecken. Papp a Jong féieren zesumme Beobachtungen duerch a konnten d'Existenz vu Sonneflecken zweiwelsfräi festhalen. Aus der Beweegung vun de Flecken ermëttelt den David Fabricius d'Rotatiounsdauer vun der Sonn. Obwuel schonn de Galileo Galilei zu Pisa, den Thomas Harriot zu London an de Christoph Scheiner zu Ingolstadt am Joer 1610 Flecken op der Sonne gesinn haten, war de Johann Fabricius den Éischten, den doriwwer eng wëssenschaftlech Ofhandlung publizéiert huet.

D'Enn vum David Fabricius ass kuriéis. Sou soll e kuerz viru sengem Doud eng Priedegt gehalen hunn, an där hie behaapt huet, hie géif e Gänsen- an Hingerdéif kennen, wëllt awer den Numm net nennen. En eegent erstalltent Horoskop huet Ongléck fir de 7. Mee 1617 virgesinn. De Fabricius huet de ganzen Dag am Haus verbruecht. Owes huet hie gemengt d'Gefor wier eriwwer an hin ass spadséiere gaangen. Op dem Wee ass hi vun engem Mann, dem Frerick Hoyer mat engem Torfspuet erschloe ginn. Den Hoyer hat sech als Déif bloussgestallt gefillt. Den Hoyer gouf wéinst senger Dot zum Doud geriedert.

Haut erënnert e Monument um Kierfecht zu Osteel an eng Sandsteenplackett un der Kierch vu Resterhafe un den David Fabricius.

Literatur änneren

  • Diedrich Wattenberg: David Fabricius. Der Astronom Ostfrieslands. Arndt, Berlin 1964

Um Spaweck änneren

Wikisource: David Fabricius in der Allgemeinen Deutschen Biographie – Quellentexter