Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Danz ass d'Konscht vun der Beweegung vum Kierper, meeschtens rhythmesch an am Zesummenhank mat Musek. Leit aus ville verschiddene Kulturen danze fir hir Emotiounen auszedrécken, fir sozial Bezéiungen ze fleegen, an engem spirituelle Kontext oder am Kader vun enger Opféierung.

Modernen Danz

Danz kann een doriwwer eraus als eng Form vun netverbaler Kommunikatioun tëscht Mënschen an och tëscht Déieren (z. B. de Beiendanz) ugesinn. D'Beweegung vu Géigestänn kann och als Danz beschriwwe ginn („d'Blieder danzen am Wand“).

D'Konscht en Danz ze kreéieren heescht Choreographie.

Ursprénglech war den Danz virun allem en zeremoniellen Akt, dee sech un eng méi héich Muecht geriicht huet. Zil war et duerch Danzritualer d'Schicksal ze beaflossen (Reendanz), Courage ze maachen (Krichsdanz oder Juegddanz) oder fir de Gëtter ze gefalen (egyptesch, griichesch a réimesch Antiquitéit).

Lëtzebuerger Volleksdänz änneren

Den 29. Oktober 2020 sinn d'Lëtzebuerger Volleksdänz op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

Literatur änneren

  • Schulté, Yvette, Weny, Monique, Steinborn, Tilly, Stater Folklor - La Veillée, Ronderëm De Lëtzebuerger Volleksdanz = La Danse Folklorique Luxembourgeoise Au Grand-Duché Et à L'Ancien Duché = Der Luxemburger Volksdanz Im Grossherzogtum Und Im Ehemaligen Herzogtum = Folk Dancing in Luxembourg. Luxembourg: Uucht - La Veillée, 2005, ISBN 2-87996-756-1, ISBN 9782879967561, a-z.lu

Um Spaweck änneren

Commons: Danz – Biller, Videoen oder Audiodateien